
© Eldoradio
D'Eldo-Team war erëm ënnerwee an huet dës Kéier de Kloterpark Tree Climber am rouege Bësch zu Veianen besicht. Fir bei de Park ze komme ginn et 2 Méiglechkeeten: Entweder zu Fouss de Bierg erop trëppelen, oder mat der Seelbunn de Wee erop genéissen. Mir hunn eis natierlech fir de Wee zu Fouss entscheet, a ware no knapp 15 Minutte beim Park ukomm.

Scho beim erop kucken ass eis bewosst ginn, datt mir vun do Uewen zwar e schéinen Ausbléck hunn, mee awer och e wäite Wee bis erof...
Mir hunn eis getraut an dem Parcours de Kampf ugesot! No kuerze Sécherheets-Instruktiounen an engem Übungs-Parcours ass et dann och schonn eescht ginn. Um roude Parcours ugefaangen, si mir schnell un eis Grenze gestouss...
Den Eldo-Favorit waren definitiv d’Rutsch-Strécken:
Schonn no 1 Parcours, huet d’Sidsel et opginn an de grénge Parcours dem Chris iwwerlooss. Fir hien ass et dann nach eng kéier e Stéck méi héich erop gaangen, ganzer 12 Meter! An och d’Übunge sinn ëmmer méi schwéier ginn...

Vun do Uewen, hat hien awer e schéinen Ausbléck iwwert Veianen.
Den Eldo-Fazit:
- Spaass Faktor: 4/5
- Präis-Leeschtung: 5/5
- Sécherheet: 5/5
- Aussergewéinlechkeet: 3.5/5
- Accessibilitéit: 3/5
Eis 2 vum Eldo sinn zwar heiansdo un hir Grenze gestouss, daat esouwuel kierperlech ewéi och mental. Mee dono kann een awer stolz op sech sinn, wann een erop kuckt a weess: "Datt hunn ech grad gepackt!". Och wann ee sech villäicht net ëmmer sécher spiert, muss een dem Material a sech selwer vertrauen, an da steet dem Succès näischt am Wee! En Nodeel un der Lag ass de Wee bis bei de Park, fir deen ongeféier 15 Minutte gebraucht ginn. Als Belounung kann een awer, souwuel Ënnerwee wei och Uewen ukomm, eng aussergewéinlech Vue iwwert Veianen genéissen.