
© Eldoradio
D'Sidsel an de Chris aus dem Eldo-Team hunn mat Segwaytours.lu, de Segway vun enger neier Säit kennegeléiert. De Choix vum Tour ass eis bei der grousser Auswiel net einfach gefall, mee mir hunn eis awer schlussendlech fir den Offroad-Wee duerch de Bambësch entscheet. Am sécheren Encadrement vun 2 Begleeder, hu mir eis also getraut op der nawell spezieller Maschinn e klengen Tour ze dréinen.
Fir de Segway-Newbie Chris war et eng komplett nei an ongewinnten Erfarung. An och wann d'Sidsel et scho probéiert hat, brauch et awer erëm bësse fir sech mat der Maschinn unzefrënnen. Well d’Benotze vun engem Segway awer relativ simpel ass, huet et just eng 10 Minutten Übung gebraucht, bis si prett waren.

Ënnerwee gouf dann all Hindernis, ouni weider Problemer, gemeeschtert! Egal ob Bierg erop oder erof, op engem Wee oder net, d’Segwayen hunn alles gepackt, et muss ee just Vertrauen a sech selwer an d’Maschinn hunn. Bei Vitessë bis zu 20 km/h sinn déi zwee duerch de Bambësch gefuer.
No séier vergaangenen 90 Minutten si si - no engem onvergiesslechen Erliefnes - och all erëm sécher bei hirem Zil ukomm!
Den Eldo-Fazit:
- Spaass Faktor: 4.5/5
- Präis-Leeschtung: 3.5/5
- Sécherheet: 4.5/5
- Aussergewéinlechkeet: 4.5/5
- Accessibilitéit: 5/5
Mat engem Segway ze fueren ass usech schonn e komescht Gefill, well een all Beweegung gutt duerchdenke muss. Mee wann ee bis den Trick eraus huet, geet et ganz einfach a mécht och richteg vill Spaass! Och wann de Spaass e stolze Präis huet, fillt ee sech wärend der ganzer Tour sécher encadréiert. Et ass definitiv en aussergewéinlecht Erliefnes an eng nei Aart a Weis, fir Plazen ze entdecken.