Summer 2018Et bleift waarm a gréisstendeels dréchen

De Summer ass bis elo relativ waarm an zanter dësem Mount och dréchen an dat wäert sech an den nächsten 2 Woche kaum änneren.

18.07.2018, 16:30:50

© Pexels

An Däitschland hunn d'Baueren de Moment mat enger Rekord-Dréchent ze kämpfen. Och wann et an der Tëschenzäit erëm e bësse gereent huet, sinn d'Nowierkungen nach ëmmer siichtbar. Kee Grond awer fir elo Panik ze maachen, gréisser Auswierkungen erwaart een sech nämlech net. Ma och zu Lëtzebuerg ass et zanter ronn zwou Woche jo genee esou, wéi een sech de Summer wënscht: waarm an dréchen.


Méi waarm wéi déi laangjäreg Moyenne

De meteorologesche Summer ass bis elo ze waarm par Rapport zur laangjäreger Moyenne vun 30 Joer. Fir de Juni waren dat an der Moyenne 18,2 Grad, dat sinn der 2,3 Grad iwwer der Moyenne. Mat 29,8 Grad läit de wäermsten Dag awer däitlech ënner dem Rekord. 2017 war et nämlech op engem Dag 35,4 Grad waarm. De Juni hat awer och zimlech naass ugefaangen.

Enorm Quantitéiten u Reen am Juni

Vill Wiederen an immens Quantitéiten u Waasser hunn dozou gefouert, dass een do bal 44% iwwer dem laangjäregen Duerchschnëtt louch, esou d'Martina Reckwerth vu Meteolux.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Viraussiichtlech bleift et dréchen – mat Ausnamen

Och am Juli war et bis elo relativ waarm. D'Maximaltemperatur louch hei bei 29,7 Grad. Dat ass awer och nach laang kee Rekord, 36,1 Grad war et de 4. Juli 2015.

Ma et war bis elo am Juli effektiv dréchen a wann een et op déi nächst 14 Deeg kuckt, wäert sech dorun och net vill änneren.

Duerchschnëtt vu Summerdeeg bal erreecht

Bis ewell ass et och esou, dass et zanter Juni 25 Summerdeeg gouf, d.h. op deenen et iwwer 25 Grad waren.

A fir nach emol op d'Dréchent zeréckzekommen: Ongewéinlech ass dat dem Martina Reckwerth no während dem Summer net. Ma wéi gesot och fir déi nächsten zwou Woche wäert net mat vill Reen ze rechne sinn.