Suen, Gesondheet, MotivatiounGrënn, wisou et net an d'Vakanz geet

Et ass waarm, et ass Summer an – et geet an d'Vakanz! Ma awer net fir jiddereen, wéi Eurostat elo erausfonnt huet.

Leschten Update: 21.07.2018, 12:26:41

© Pexels

Vläicht huet ee kee Congé méi ze gutt, dat néidegt Täschegeld feelt oder et gouf Streidereien iwwert d'Destinatioun. Ma et ginn awer och nach aner Grënn, wisou ee net verreest: Kënnt dir iech virstellen, datt een och vläicht guer keng Loscht huet, fort ze goen? E puer Lëtzebuerger hätte keng Motivatioun fir Vakanz ze maachen. Et ginn deemno och Leit, déi keng Loscht hunn, an d'Vakanz ze goen - an dat ass jo och net verkéiert.

An der Tourismus-Statistik vun Eurostat gouf awer och ermëttelt, datt de Prozentsaz vun de Lëtzebuerger, déi net verreesen, net extrem héich ass. Just 19% vun der Lëtzebuerger Populatioun sinn am Summer 2016 doheem bliwwen. 24,3% hunn als Grond dann uginn, datt se keng Motivatioun hate fir fort ze goen. Fir 20% stounge familiär Verflichtungen am Virdergrond a bësse méi wéi 19% soten, datt se wéinst gesondheetleche Problemer doheem bliwwe sinn. 15% hu finanziell Grënn genannt.

Lauschtert hei de komplette Reportage


Vun der EU-Bevëlkerung hunn dann 62% am Joer 2016 eng Rees gemaach. 48% hunn dann als éischte Grond – wisou se net fort gaange sinn – genannt, datt ee wéinst de Suen doheem bliwwen ass. Am Géigesaz zu Lëtzebuerg gouf op EU-Niveau dëst als Haaptgrond genannt. A Griicheland sinn dat 75%, a Portugal 66% an a Kroatien 62%. Bei eisen Noperen ass et d'Belsch mat engem Undeel vun 41,5%. Bei hinne goufe mat 55,3% Geldsuerge genannt.

Interessant ass dann och ze liesen, datt 60% vun de Schweden keng Vakanz gemaach hunn, well se einfach keng Loscht haten. Skandinavien gëllt als eng vun de schéinste Regiounen, ma datt di schwedesch Bevëlkerung keng Loscht op Vakanz huet, kann och dorunner leien.