Parking Royal HamiliusOuverture de 27. September

De Parking Royal Hamilius an der Stad geet de 27. September op. D'Opricht-Aarbechte vun der Fouer fänken dann den 29. Juli un.

Leschten Update: 18.07.2018, 12:34:21

© Eldoradio

Et géif ee mat de Chantiere ronderëm d’Stad ganz gutt viru kommen, sou sot et d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um City Breakfast. Ënnert anerem sinn hei d’Aarbechten um Royal Hamilius gemengt.

Och wann de 27. Juli de Kollektivcongé ugeet, géif een elo nach eng Kéier Vollgas ginn. De Parking um Royal Hamilius geet dann de 27. September nees op. Fir d'Rentrée ginn et och Changementer am Stater Busreseau. D'Lydie Polfer:

D'Lydie Polfer


Elo fir de 27. Juli gi jo déi dräi nei Tramsstatiounen ageweit, da geet den Tram iwwert d'Arrêten Theater a Faiencerie bis op d'Stäreplaz. Och elo fir d'Fouer, déi den 23. August ugeet, kann een den Tram huelen. Déi Zäitperiod ass e gratis, ma e fiert awer wärend der Fouer net an déi zwou Richtungen.

D'Lydie Polfer


De 29. Juli gëtt ugefaangen, d'Fouer opzeriichten, no an no dierf een dann och net méi um Glacis parken. De City Skyliner ass jo zënter kuerzem nees bei der Gëlle Fra, fir der Fouer da keng Konkurrenz ze maachen, gëtt dee den 12. August nees ofgeriicht. D'Wale am Oktober waren natierlech och en Thema. Hei ginn et Ännerungen a Punkto Bréifwal.

D'Lydie Polfer


Gëtt een eng Adress am Ausland un, kann et d'Ufro bis de 4. September maachen, ass et eng Adress zu Lëtzebuerg, ass d'Demande bis de 19. September méiglech. Wärend dem Weekend vum 21. bis den 22. Juli owes ass d'Rout Bréck tëscht dem Kierchbierg an dem Stater Zentrum fir de Verkéier gespaart. De Belag gëtt hei frësch gemaach.

Et gouf nach e neie Guide iwwer Lëtzebuerg, Saarbrécken, Metz an Tréier presentéiert. Dësen ass vun elo un an de Librairien ze kréien.

© Eldoradio


Lauschtert hei de komplette Reportage