
© Eldoradio Archiv
22,9 Millioune Passagéier goufen um Lëtzebuerger Zuchreseau d'lescht Joer transportéiert. Dass dat zu verschiddene Problemer, virun allem zu Retarde féier, dat spiert jiddereen, deen all Dag den Zuch hëlt. An de Mueren huet dëst och den Infrastrukturminister François Bausch nach emol ënnerstrach: D'Schinnennetz stéisst u seng Grenzen, wann aktuell eng 1'000 Zich an 90'000 Passagéier den Dag mam Zuch fueren.
Projete bis 2027 vu ronn 3,8 Milliarden Euro
Ma dofir goufen eng ganz Rëtsch Mesure virgestallt, déi entweder schonn ëmgesat ginn oder ëmgesat gi wäerten, fir dëse Problem an de Grëff ze kréien.
Ee grousse Problem ass d'Form vum Schinnennetz selwer, dat a Stäreform op d'Stater Gare zouleeft an et domat schwéier mécht bei Stéierungen déi concernéiert Plazen ze ëmfueren. An an deem Sënn gëtt massiv investéiert, bis 2027 viraussiichtlech ronn 3,8 Milliarden Euro, esou de Minister François Bausch.
Importéiert Verspéidungen, futtis Barrièren a Persounen op de Schinnen
Nieft de scho genannte Problemer ginn et awer nach vill aner Grënn fir Stéierungen, esou den CFL-Generaldirekter Marc Wengler. Nëmme 55% vun de Retarde kommen nämlech duerch d'Iwwerlaaschtung vum Zuchreseau.
Dobäi wier et och esou, dass vill Verspéidungen och importéiert wieren, wann den Zuch schonn am Nopeschland Verspéidung hat. An da wieren och ëmmer méi Verspéidungen domat ze erklären, dass Persounen ze no bei oder op de Schinne gemellt géife ginn.
Dofir hätt ee schonn d'Ekippe verstäerkt, fir op esou Tëschefäll méi séier kënnen ze reagéieren.
Reorganisatioun an Ausbau ënner anerem zu Beetebuerg an op der Gare
An da gëtt jo eben och massiv ausgebaut, fir de Verkéier bei Problemer kënnen ze verlageren. Ënner anerem ass dat d'Reorganisatioun an den Ausbau vun de Gleiser op der Gare, fir dass d'Linnen sech net méi iwwerschneiden an eng direkt Connectioun tëscht der Nordstad, der Stad an Esch fir 145 Milliounen Euro.
Dobäi kënnt déi nei Linn tëscht der Stad a Beetebuerg an d’Reorganisatioun an den Ausbau vun der Beetebuerger Gare fir 292 Millioune bis 2024.