Den zweeten Deel vu "Mamma Mia" leeft den 18. Juli bei eis am Kino un Am Kader vun der Ladies Night am Kinepolis um Kierchbierg gouf de Film en Dënschdegowend gewisen. D'Virfreed war grouss an d'Kinossäll voll besat. Ma de Public gouf net enttäuscht! D'Musek huet deene Meeschte ganz kloer am beschte gefall an d'Stëmmung, déi de Film vermëttelt, ass och op si iwwergaangen.