
© Eldoradio

De Chauffeur Patrick huet et eis awer och wierklech net einfach gemaacht, an nëmmen drop gewaart eis Zwee vum Eldo an d'Waasser ze kréien. Et ass him natierlech och ëmmer erëm gelongen!

An munchmol och just Een...

De Gréisste Kampf war et awer definitiv sech ëmmer erëm op d'Banann erop ze zéien, an datt war alles aneres wei einfach!

No enger Zäitchen um Waasser hunn mir erëm Land gesinn, a konnte mat engem naasse Laachen am Gesiicht
soen: ,,Heiansdo mécht et och Spaass, wann eppes an d'Waasser fällt!"
Den Eldo-Fazit:
- Spaass Faktor: 5/5
- Präis-Leeschtung: 4/5
- Sécherheet: 4.5/5
- Aussergewéinlechkeet: 4/5
- Accessibilitéit: 5/5
Mir hunn eis wierklech richteg gutt ameséiert! Egal op um Boot oder am Waasser, mir haten déi ganzen Zäiten en Grinsen am Gesiicht. Dat schwéierste war sech ëmmer iergendwéi erëm op d'Banann gerappt ze kréien, an dat huet definitiv alles aneres ewéi elegant ausgesinn... Fir de Summer-Spaass suergen och d'Begleeder, mat deenen en ëmmer gutt laache kann. Et lount sech also definitiv eng Kéier laanscht kucken ze kommen!
Lauschtert hei de Reportage!