
© Pexels
An der Vakanz geet et jo an éischter Linn ëm eppes: ofschalten! De ganze Stress, d'Aarbecht an d'Problemer hannert sech loossen a fir e puer Deeg relaxen an d'Zäit genéissen. Ma an enger Welt, an där alles iwwert den Handy, respektiv de Smartphone, leeft an ee praktesch non-stop erreechbar ass, soll d'Vakanz déi Zäit sinn, an där ee sech eng Auszäit gënnt.
Dat ass enger Etüd vum däitschen Digital-Verband Bitkom no awer net ëmmer esou. Knapp zwee Drëttel vun de Leit, déi schaffen, bleiwen wéinst hirer Aarbecht - och an der Vakanz - erreechbar, obwuel dat keng Musse-Saach ass. Ma awer géifen dëser Etüd no 61% hir Messagen iwwer iMessage oder Whatsapp liesen, 57% géifen ophiewen, wann de Chef oder d'Aarbechtskollegen uruffen a ganzer 27% kucken hir Mailen a beäntweren déi och. Deemno bleift d'Erreechbarkeet an der Vakanz also extrem héich. Mee virun allem déi méi Jonk gi guer net op den Telefon, wann de Chef sech mellt.
Persounen ënner 29 Joer schalten deemno komplett of a loossen sech vun der Aarbecht an der Vakanz net stéieren. An der Alterskategorie vun 30 bis 49 Joer sinn et der 30%, deenen dat geléngt. Der Etüd no géife grad di Jonk hir d'Recht, hir Vakanz ze genéissen a net mussen um Handy ze hänken, méi konsequent afuerderen. Si géifen sech doduerch manner stresse loossen.
Et ginn dann Ausnamen, an deenen de Chef awer uruffe kann - an Noutfäll oder wann een eng Aart Permanence am Viraus ausgemaach huet. Dann ass et awer och nach de Problem, datt sech ganz vill Leit verflicht fillen, an der Vakanz erreechbar ze sinn. D'Ofschalte fält net jidderengem sou einfach an et mengt een, et misst een op Messagen äntweren a seng Maile kucken.