
© GERARD JULIEN / AFP
Ufanks 2016 huet Facebook - nieft dem ëmmer scho populären Daum an d’Luucht - eng ganz Rei nei Reaktiouns-Knäppercher dobäi gesat. D’Optioun mat méi Emoji Gesiichter och méi Emotioune kënnen ze weisen hat allerdéngs Startschwieregkeeten. Eng Etüd, baséiert op Facebook Analysen, huet gewisen datt just 2,4% vun all den Interaktiounen op d’"Häerz", den "Haha", de "rosene Männchen", de "Wow" oder den "traurege Smiley" zréck ze féiere sinn. Déi al bekannten "Likes", "Shares" a Kommentare ware bei wäitem méi beléift. 2 Joer duerno gesäit et awer scho bëssen anescht aus.
D’Leit hunn sech un d’Reaktioune gewinnt an dës maachen, enger Etüd vun 2018 no, elo schonn 12,8% vun all den Interaktiounen aus. Den Daum no uewen, also de klasseschen "Like", ass wärenddeem vu 76,4% op 61,2% Notzung erofgaangen.
Vun de Reaktiounen ass d’"Häerz", och bekannt als "Love", déi beléiftste Form vun Äntwert. Mat 50% war dëst am Abrëll 2016 dee meescht benotzte Knäppchen. Elo, 2 Joer méi spéit, huet den "Haha" awer opgeholl an ass mam "Love" gläich gezunn, béid Reaktioune ginn zu 35.9% benotzt.
Eng Emoji-Reaktioun schéngt de User awer ëmmer nach ze feelen: