RebootD’Buffy kënnt zréck!

"Buffy - Im Bann der Dämonen" gëtt nei produzéiert.

Leschten Update: 23.07.2018, 11:23:52

© Valerie Macon / AFP

Tëscht 1997 an 2003 war d'Buffy, gespillt vum Sarah Michelle Gellar, op der Juegd no Vampiren an Dämonen.

Am ganze goufen et 7 Staffele "Buffy" an de Spin-Off "Angel", verkierpert vum David Boreanaz, dee sech komplett ëm den deemolegen Ex-Partner vum Buffy gedréint huet.

Wéi Variety mellt, ass d'Produktioun schonn am Gaangen, allerdéngs spillt vun deenen alen Acteure kee méi mat.

Den Joss Whedon, deen och scho fir d’Serie "Buffy" an "Angel" responsabel war, produzéiert och de Reboot mat.

Déi al Acteure sollen duerch neier, méi jonker, ausgetosch ginn. Desweideren, soll d'Buffy dës Kéier vun enger Afro-Amerikanerin verkierpert ginn, sou Variety weider. Wien déi Acteure sinn ass awer nach net bekannt.