90 km/h wéinst OzonOch Elektroautoe mussen sech drun halen

Un d'Limitatioun muss all Gefier sech halen, och wann direkt keng Emissiounen ausgestouss ginn, wieren Ausnamen ze komplizéiert.

Leschten Update: 24.07.2018, 12:02:26

© Tobias SCHWARZ / AFP

Wann et esou richteg waarm gëtt, da geet och d'Ozonkonzentratioun an d'Luucht. Déi leschten Deeg war dat schonn de Fall an op der Autobunn gëtt jo dann och d'Vitesse op 90 Stonnekilometer erofgesat, fir d'Ozonwäerter ze bremsen.


Halschent vu Belaaschtung duerch Verkéier provozéiert

Ze héich Ozonwäerter entstinn aus enger chemescher Reaktioun tëscht Sauerstoff a Stéckoxiden, wann eben d'UV-Stralung héich ass. An ze héich Wäerter kënnen sech negativ op d'Otemweeër auswierken. A wann dës ze héich sinn, da gëtt eben d'Vitesse limitéiert, dat well ronn d'Halschent vun deenen Oxiden duerch de Verkéier verursaacht ginn, awer eben nëmmen déi mat Verbrennungsmotor.

Hei de Reportage am Toun!


Dofir kéint ee jo denken, dass d'Limitatioun fir déi Autoen, déi z.B. mat Elektresch fueren net géif gëllen. Ma deem ass net esou huet eis de Porte Parole vum Ëmweltdepartement am Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère gesot.

All Auto ass betraff

Bei enger genereller Vitesslimitatioun wier all Auto betraff, och wann déi keng lokal Emissioune géifen ausstoussen. Souguer, wann een explizit verschidde Moto-Systemer géif vun dëser Limitatioun ausschléissen, da wier et awer nach immens schwéier, fir hei den Ënnerscheed tëscht Elektro-, Hybrid-, oder Verbrennungsmotor kënnen ze maachen.

Et géif nämlech eng ganz Rëtsch Modeller ginn, déi et mat verschiddene Motore géit ginn, déi sech awer vu baussen net géifen ënnerscheeden. An dofir wier et ebe quasi net méiglech am Fall vun enger ënnerschiddlecher Regulariséierung op den éischte Bléck ze erkennen ëm wéi eng Zort vu Motor et sech handelt.

Infraktioune gi bestrooft

An am Allgemenge sief nach emol gesot, dass d'Limitatioune keng Recommandatioune mä wierklech Begrenzunge sinn. Déi gëlle fir jidderee an natierlech kënnen d'Infraktiounen och deementspriechend bestrooft ginn. An wann ee mat 130 amplaz 90 Stonnekilometer ënnerwee ass , da kann dat emol gären deier ginn.