Mir hunn nogefrotProduiten am Buttek testen - dierf een dat?

D'Produiten aus der Verpackung huelen, se ausprobéieren an nees benotzt zeréckstellen - dierf een dat eigentlech? Wat ass erlaabt a wat net?

Leschten Update: 24.07.2018, 22:02:04

© Pexels

Beim Akafe kritt ee jo dacks Produiten offréiert fir ze schmaachen. Wann dat net de Fall ass, probéiert een et op eegen Initiativ. Ma de Pascal Koehnen vun der ULC erkläert, datt et hei eigentlech kee gesetzleche Kader gëtt. Et soll een awer bedenken, datt een net den eenzege Client am Buttek ass an een do Récksiicht huele soll. Dem Pascal Koehnen no, ass a bleift d'Grondreegel, datt een näischt benotzen, upaken oder auspake soll, wat een och net wëlles huet ze kafen. Wann aner Clienten e Produit testen, huet de Vendeur net méi di nämmlecht Viraussetzungen, fir dëse Produit  dann ze verkafen. Sprayt een zum Beispill Parfum an d'Loft ass et jo logesch, datt dee nächste Client manner fir seng Sue kritt. Bei Uebst oder all Produit aus dem oppene Verkaf soll een dann ëmmer froen, ob een eppes ze schmaache kritt.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Schonn eleng aus hygienesche Grënn soll een net alles lénks a riets upaken. Domadder géif ee kengem eng Freed maachen - scho guer net dem Client, deen dëse Produit méi spéit kafe wäert. Dat Nämmlecht gëllt awer och fir Verpackunge – et soll een op kee Fall ouni Autorisatioun eppes opmaachen. Di gëlle Reegel ass hei awer iwwerhaapt mol ze froen an net selwer ze handelen. Et wier schwéier – och wann et hei Gesetzer oder Reegele géife ginn – dat an der Praxis ëmzesetzen. Dem Pascal Koehnen no huet dat Ganzt mat Respekt vis-à-vis vu senge Matmënschen ze dinn. Kee wëll e Produit kafen, dee virdru vun anere Leit ausprobéiert an dann nees benotzt zeréckgestallt gouf.