NetflixHighlights am Summer

Langweilen an der Vakanz? Net op Netflix!

Leschten Update: 24.07.2018, 14:24:06

© John MACDOUGALL / AFP

An Theorie ass d'Summervakanz déi schéinsten Zäit vum Joer. Wann d’Kollegen awer am Ausland sinn an ee keng Loscht huet eleng op den Tour ze goen, da fënnt ee fir de Summer och Beschäftegung an der klimatiséierter Wunneng. An dat zielt zemols fir Serien-Junkies

Am Summer soll z.B. déi 4. Staffel vun Narcos erauskommen. Eng vun de beléifste Serien op Netflix.
Nodeems d’Story ronderëm de Pablo Escobar schonn no der zweeter Staffel eriwwer war, sech déi 3. virun allem em d'Carli Kartell gedréint huet, soll sech déi nächste Staffel op Mexiko konzentréieren an d’Virgeschicht vum modernen Drogekrich analyséieren. Sou geet et em d’Guadalaraja Kartell, dat eng Grupp vun onorganiséierten Dealeren, zu engem groussen Imperium zesummerifft.

De 27. Juli kënnt dann och déi 6. Staffel vun Orange Is The New Black eraus.
Wéi d’Danielle Brooks erzielt, soll an dëser Staffel villes opgeléist ginn. Wie seet d’Wourecht? Wie litt? Wie beweist Loyalitéit a wien ass motivéiert aus dem Prisong auszebriechen? All dës Froe solle beäntwert ginn.

Op der Comic Con gouf dann och den Trailer vu Better Call Saul verëffentlecht. Déi 4. Staffel soll de 6. August erauskommen.
Wéi de Vince Gilligan verroden huet, soll an der nächster Staffel eng Niewenhandlung erzielt ginn, déi an der Zäit vu Breaking Bad spillt. Ob een hei op de Walter White trëfft, ass net gewosst. Och fir de Recht ass nach net vill iwwert de Contenu gewosst.