Dating-TrendsNerveg Dating-Tendenzen 2018

Freckling, Ghosting a Breadcrumbing – An Zäite vun Tinder a Co. léisst d’Romantik ze wënschen iwwreg...

Leschten Update: 25.07.2018, 08:44:02

© Pexels

Säit Dating-Apps an déi soziale Medien sech an eis Bezéiungen amëschen, ass et zwar méi einfach gi Leit séier kennen ze leieren, awer och méi oniwwersiichtlech. Nei Dating-Tendenze sinn opgedaucht a soumat och nei viral Termë fir dëst - net ëmmer ganz korrekt - Behuelen ze definéieren.

Ugefaange mat deem wuel bekanntste Phänomen: Ghosting.
Ghosting bezeechent - wéi de Numm et undeit - eng Persoun, déi einfach op eemol wéi e Geescht verschwënnt. Vun haut op muer ass vun der Persoun, déi ee gedate huet, einfach näischt mei ze heieren oder ze gesinn. De Grond fir dëst abrupt Enn wäert ee leider ni gewuer ginn.

Besonnesch bei Männer ass d’Breadcrumbing eng beléift Masch. De Mann geheit der Fra ëmmer mol nees eng Flirt-Grimmel virun d’Féiss. Hei e Kompliment, do eng Undeitung fir sech ze treffe – méi geschitt awer och net. Haaptsaach d’Fra sprengt drop un a gëtt esou waarm-gehalen, et weess ee jo ni, wéini de Flirt nach kéint interessant ginn. Op déi grouss Léift brauch een hei awer net ze hoffen.

Elo fir de Summer ass natierlech en neien Term dobäi komm: Freckling. Heibäi handelt et sech em eng reng Summerromanz. Wéi d’Sommersprossen, op Englesch 'freckles', daucht d’Léift am Summer op a soubal d’Sonn verschwënnt, soll de Liibhaber oder Liibhaberin et hir gläich maachen.

Wann de Summer dann op en Enn kënnt, ass Zäit fir d’Drafting Saison. Dobäi gëtt scho mol skizzéiert, wéi de Wanter kéint ausgesinn, respektiv mat wiem een dëse verbrénge wëll. Hei ginn esou vill Singles wéi méiglech gedate fir schlussendlech de perfekte Kuschelpartner fir déi kal Deeg ze fannen.



Ma dann happy dating…

Lauschtert hei de komplette Reportage!