Life of BryanBatman Ninja

De Batman am engem Animefilm - geet dat gutt?

10.08.2018, 13:01:19

© Screenshot YouTube

Wie sech e bësse méi mam Batman beschäftegt weess, dass et nieft de Christian Bale-Filmer vill méi ze kucken an ze liese gëtt. Dat geet vun den Dausende Comics a Storylines bis zu den animéierte Filmer.

An dëst Joer ass déi verrécksten Interpretatioun vum Batman erauskomm, déi ech bis elo gesinn hunn.

Den Titel vum Animatiounsfilm ass "Batman Ninja". De Batman an eng Rei vu Supervillains reesen an der Zäit zeréck a landen am mëttelalterleche Japan. D’Story ass denkbar simpel, mee et ass wierklech net dat, wat de Film ausmécht.

D’Haaptelementer vum Film sinn den Animatiounsstil a wéi dat japanescht Team vu Warner Bros de Batman interpretéiert huet.

A fir et an engem Saz ze beschreiwen: "Batman Ninja" ass einfach nëmmen onheemlech absurde Spaass.

D’Story ass näischt aneres wéi eng Ausried fir en Anime mam Batman ze maachen an et ass mol kee Feeler. D’Kampfzeenen si wierklech gutt gemaach an eng japanesch Interpretatioun vum Batman ze gesinn, war fir mech eng ondenkbar Fantasie déi brillant ëmgesat gouf.
 
Den Animatiounsstil an allgemeng all d’Evenementer vum Film sinn eng breet Kompilatioun vun allem wat Action Anime ze bidden huet an ech als Batman an Anime-Fan hunn all eenzel Sekonn genoss.