Perseiden-StroumVill Stäreschnäizen um Himmel ze gesinn

Eigentlech gesäit een esou eng Stäreschnäiz och soss am Joer. Ma am August ass d'Chance awer ganz grouss, datt een der vill beienee gesäit!

Leschten Update: 13.08.2018, 09:28:50

© dpa/AFP/Archiv/Matthias Balk

De Perseiden-Stroum, wéi d'Stäreschnäizen dëse Mount och nach genannt ginn, sinn dëse Weekend extrem gutt ze gesinn. E Sonndeg am spéiden Owend an och an d'Nuecht op e Méindeg stinn d'Chancen stinn d'Chancen am beschten. Den Eric Buttini vum Stater Naturmusée erkläert, wat genee an esou engem Perseiden-Stroum geschitt: Responsabel fir dëse Meteoritte-Schauer ass nämlech och ee Koméit.

Dëse besteet aus gefruerem Waasser, Stëbs a verschidde Gasen. De Koméit ëmkreest d'Sonn, déi erhëtzt dësen an esou verdämpt en an et entsteet eng Stëbsspur. Dës Stëbsspur gesi mir dann als Stären, déi falen, respektiv iwwert eis fléien. Well d'Äerd doduerch flitt, gesi mir esou vill Stäreschnäizen.

Lauschtert hei de komplette Reportage


Wisou schwätzt een hei da vu Perseiden? De Numm kënnt vum Stärebild Perseus. Den Eric Buttini vergläicht de Spektakel esou, wéi wann ee mam Auto duerch ee Schnéistuerm fiert. Do huet een d'Gefill, de Schnéi géif riicht op een duer kommen - ma hei ass et bëssen d'selwecht. Am Idealfall sollen d'Wiederkonditioune matspillen - heescht, wann den Himmel kloer an ouni Wolleken ass, huet een di beschte Vue.

Dann hänkt et awer och of, a wéi eng Richtung een an den Himmel gekuckt. Dem Eric Buttini no soll ee an nordëstlech Richtung kucken, fir di meeschte Stäreschnäizen ze gesinn. Mat engem Rekordjoer rechent een dëst Joer net, wéi den Eric Buttini seet. No Mëtternuecht vun e Sonndeg op e Méindeg kann een de Spektakel dann am beschte gesinn – a souguer bis zu 100 Stäreschnäizen d'Stonn. Dat ass dann och dat Besonnescht hei drun.

De Naturmusée luet de Public dann och scho fir e Samschdeg den 11. August an, zesumme mat hinnen owes d'Perseide kucken ze goen. Weider Infoen ginn et hei >>>