Schlank duerch d'Vakanz Dëst sinn di beschten Tipps!

Mmmh… eng lecker Glace, een erfrëschende Cocktail. Dat ass Vakanz!  Awer eng Vakanz, déi och op d’Hëften geet. Et bleift ee léiwer schlank an der Vakanz...

Leschten Update: 09.08.2018, 03:06:02

© afp

Virun der Vakanz gi mer alles: lafen nach eng Extraronn, quälen eis am Fitness-Zenter, a maachen nach eng Crash Diät - alles fir dee perfekte Beachbody. Fir dann an der Vakanz richteg dran ze schloen a mat op mannst 3 Kilo méi nees heem ze kommen. Muss dat sinn???

All Inklusive ass de Killer vun all Beachbody. Vu moies fréi bis owes spéit kritt ee bal zu all Dageszäit eppes z’iessen. A well een alles scho bezuelt huet, an de Buffet därmoosse lecker ausgesäit- heefe sech séier d’Kaloriëbommen um Teller. Besser ass: mat enger Zalot ufänken, Frittéiertes op der Säit loossen, a beim Dessert en Uebstsorbet wielen.

Fir vill Touristen ass d’Entspanung an der Vakanz mam Konsum vu vill Alkohol verbonnen. Mee wann et Mëttes um Pool ee Caipi gëtt, owes beim Iessen eng Fläsch Wäin, an dono nach een Mojito un der Bar, schléit dat richteg an d’Kalorien. Grad Cocktailer hunn extrem vill Zocker. Alternativen dozou sinn Long Drinks, oder e Panaché.

Eng sportlech Vakanz bitt di beschte Chance, fir schlank ze bleiwen. Et muss ee sech awer net all Dag eng Stonn um Lafband quälen. Sport kann een och mat Spaass verbannen: Schwammen, Surfen, Beachvolleyball, an och ee Spadséiergang laanscht d’Mier verbraucht scho Kalorien.

Fazit: e puer Cocktailer an der Beachbar, ee risege Glacebecher nom Sightseeing- Kaloriefalen laueren an der Vakanz iwwerall, an di gutt Virsätz si séier vergiess. Schliisslech ass Vakanz… an do wëllt ee sech mol eppes gënnen! Ier der awer komplett verdrängt hutt, dass der u sech wollt schlank bleiwen an der Vakanz, recommandéiere mir iech folgend Strategie: Verbitt iech net alles, awer loosst och net alles duerchgoen. Sou gëtt et doheem keng béiss Iwwerraschung op der Wo!

Lauschtert hei de Reportage: