Nees en ThemaEU-Kommissioun fuerdert universell Chargeuren

Viru bal engem Joerzéngt wollt een eenheetlech Chargeuren, respektiv Luedkabelen, op de Marché bréngen - bis elo ouni Erfolleg.

Leschten Update: 09.08.2018, 12:56:39

© Pexels

Elo wëllen zwou EU-Kommissärinnen d'Ëmsetzung erméiglechen: Eenheetlech Chargeure fir Smartphonen! Deemools hat all Hiersteller säin eegent Format u Steckeren an domat war de Client gezwongen, sech ëmmer nees Ersatzdeeler vun "sengem" Hiersteller ze kafen. Steckere vun anere Firmen hätte jo net gepasst. Deemools huet d'EU-Kommissioun doran d'Gefor vun onnéidegem Elektroschrott gesinn. Verschidde Konzerner, dorënner natierlech och Apple a Samsung, haten deemools eng fräiwëlleg an ëffentlech Erklärung ënnerschriwwen, datt se probéieren, ob en eenheetleche System ze setzen.

Eng Klausel am Schreiwes huet eng konsequent Duerchsetzung awer verhënnert. Sou huet sech dann och keen un dës Erklärung gehalen. Wéi et dann elo vun der EU-Kommissioun heescht, soll eng Etüd préiwen, wat d'Virdeeler an och d'Käschte fir en universelle Chargeur sinn. Zil ass et, 51.000 Tonnen Elektroschrott d'Joer eleng duerch esou Kabelen ze reduzéieren. D'Margrethe Vestager, EU-Kommissärin fir Konkurrenz, fënnt d'Progrèse vun den Hiersteller alles anescht wéi akzeptabel, dowéinst muss d'Kommissioun elo méi streng duerchgräifen. Apple zum Beispill huet de sougenannte "Lightning"-Uschloss erausbruecht, dee mat soss kengen anere Stéckeren, wéi deene vum Konzern selwer, kompatibel ass.

Zënter Dezember 2010 huet sech awer eppes geännert: De Kabel an den Uschloss musse getrennt vun enee sinn, sou datt een de Kabel mat USB-Uschloss och eenzel un de Computer schléisse kann. Och USB-C-Uschlëss sinn um Marché, mee ginn net vun all Hiersteller benotzt. Wann ee sech awer e neie Smartphone keeft, ass och ëmmer nees e neie Chargeur dobäi – domadder gouf d'Zil verfeelt, di grouss Mass un Elektroschrott ze reduzéieren.

Lauschtert hei de komplette Reportage