Bal prett fir d'UnisliewenOp der Sich no enger Studentewunneng

Éier de Spaass op der Uni ufänkt, muss ee sech och nach ëm eppes anescht këmmeren - eng Wunneng zum Beispill.

14.08.2018, 10:01:55

© Pexels

Ganz vill Stress a nach vill méi Gedold ass mat der Sich no enger Wunneng verbonnen. D'Nora Hansen, Vizepresidentin bei der ACEL, erkläert, datt och d'Präisser vu Stad zu Stad variéieren: Et hänkt natierlech vum jeeweilege Land of, ob een an enger Grousstad wunnt a wéi d'Wunnsituatioun am Allgemengen ass. D'Schwäiz wéi och Groussbritannien bleiwen nach ëmmer d'Ausnamen – do sinn d'Präisser am Verglach mat aneren Unisstied extrem héich.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Wéi leet ee sech dann u fir un eng Wunneng ze kommen, respektiv erauszefannen, wou eppes fräi ass? Dem Nora no, geet et iwwert den Internet am beschten. D'Studentencercelen hunn zum Beispill eenzel Gruppen op Facebook, an deenen et just ëm d'Wunnengssich geet. Et kann ee sech awer och bei der ACEL mellen an déi leeden een da weider. Et kann een dann eleng wunnen, an enger WG oder an engem sougenannten "Wohnheim". Well déi awer an der Reegel méi bëlleg sinn, wéi normal Wunnengen an och zentral um Campus selwer leien, muss een do mat Zäiten u sinn. Dem Nora no ass dëst di beléiftste Form vu Wunnen.

Op wat muss een dann oppassen, respektiv op wat soll een net erafalen? Et soll een op kee Fall Suen am Viraus iwwerweisen, ouni d'Wunneng oder d'Persoun, di se verloune wëll, gesinn ze hunn. Der Vizepresidentin no soll een och oppassen, wann een op eng Visite geet, wou vill aner Leit sinn. Do kann de Präis séier eropgedriwwe ginn, well d'Nofro an deem Fall grouss ass. An der Lescht héiert een och dacks vu Studenten, datt se ee Rendezvous ausmaachen an d'Persoun vun der Wunneng guer net optaucht. Oder datt d'Wunneng just online existéiert. Et gëllt also opzepassen.

© TNS Ilres