Et ass ee keng 18 méi…Wouru mierkt een datt een al gëtt?

E "Boomerang" dat ass dach sou eng Australesch Waff an e "Lauch" just eng Zort vu Geméis…oder?!

Leschten Update: 04.09.2018, 08:47:20

Et kënnt engem vir wéi gëschter, déi gutt al Zäiten. Mëttlerweil sinn awer net nëmmen déi al mee villäicht och du! Falls der déi heiten Zeenarie bekannt virkommen da gëllt de Saz "et ass ee keng 18 méi" wahrscheinlech och fir dech. Oh entschëllegt: fir Iech!

An do wäre mer scho beim éischten Indice: Et gëtt een op eemol gedierzt! Vun engem Dag op deen aneren ass aus dem "Du" en "Dir" ginn, besonnesch schlëmm: Wann et vun engem Jugendleche kënnt dee gefillt just 3 Joer méi jonk ass.




Kennt der dat? Dir lauschtert d’Charts an denkt iech: Wat ass dat da fir e Kaméidi? Wann alleguerten d’Genren d’selwecht klengen a souwisou näischt un d’Musek vu fréier erukënnt, dann ass dat e kloert Zeechen dofir datt der villäicht net méi grad sou hip a cool sidd wéi der mengt.


Net méi ganz sou jugendlech sidd der ausserdeem wann de Gedanken datt Leit déi am Joer 2000 gebuer si scho kënnen de Führerschäin hunn total absurd fir iech ass. Dovun ofgesinn dat alles wat no 1995 komm ass quasi nach an d’Pampers muss maachen…oder?!


Eng wëll Partynuecht kënnt zwar och mol vir, mee wien Freides Owes schonn um 11 vun der Party fort geet well e midd ass oder iwwerhaapt mol guer net bis dohi fënnt well e sech op e relaxen Owend freet, dee weess d’Teenie Zäiten sinn eriwwer.

Wien sech dann tatsächlech traut mat de Jonke matzehalen, deen huet besser 2 Deeg fir auszekateren anzeplangen. Wann ee Moien net méi duergeet fir de Kater ze veraarbechten oder ee Moies verzweiwelt no Hangover-Heelmëttel an de Wäite vum Internet sicht, déit dat op d’al ginn zou.


Mee op der elo e grousst Fragezeichen an den An hutt wann et em déi neisten Apps geet, op d’Schanken sou lues ufänke mat kraachen oder der ëmmer nach vun Tetris a Snake schwäermt. Et ginn och Unzeechen dat ee méi al gëtt déi ee net méi vermësse wëll: esou weess ee wien een ass, wat e wëll a virun allem ginn d’Meenunge vun deenen aneren engem ëmmer méi egal. #Whatever.

Lauschtert hei de komplette Reportage!