
© Eldo
De Walkampf fir d'Parlamentswalen ass definitiv am Gaang. Am beschte gesäit een dat dorun, dass d'Walplakater jo schonn uechter d'Land opgestallt gi sinn, déi eng e bësse méi dezent, déi aner méi grouss a gutt siichtbar.
Elo gouf et an de leschten Deeg jo scho vill Opreegung wéinst dëse Plakater, ënner anerem waren der och schonn e puer futti gemaach ginn.
Parteie verflichten sech zu faire Mëttelen
Dass Plakater futti gemaach ginn, dat ass bei all Wal esou an dofir haten sech am Virfeld scho 5 Parteie verflicht hir Memberen unzehalen, d'Plakater vun deenen anere Parteie mat Rou ze loossen. Wat natierlech net ausschléisst, dass anerer dat dann awer maachen.
Vun der Police heescht et, dass fir dëst Joer nach keng Plainte an deem Sënn agereecht ginn ass, och wa jo schonn effektiv Plakater futti gemaach goufen. Zuelen iwwer Plakater, déi an der Vergaangenheet zerstéiert gi sinn, huet een net, ma wéi et weider heescht, géif dat wuel reegelméisseg virkommen. Geziilte Kontrolle géif een awer keng maachen.
Bis zu 3 Joer Prisong an 10'000 Euro Strof
Wat elo d'Strofen ugeet, do handelt et sech ganz einfach ëm fräiwëlleg Beschiedegungen. Am Gesetz sinn do 1 Mount bis maximal 3 Joer Prisong respektiv eng Geldstrof vun 251 bis 10'000 Euro virgesinn. Am schlëmmste Fall gi Prisongs- a Geldstrof matenee verhaangen.
An da komme mir nach zu de Reegelen, wou an a wéi enger Quantitéit een d'Plakater dierf opstellen.
Plakat dierf keng Gefor fir Sécherheet sinn
Och dofir ginn et Reegelen. Ganz genee, wéi bei all anerem Plakat, mussen d'Parteien eng Demande beim Infrastrukturministère maachen, fir hir Plakater dierfen opzestellen. D'Zuel vun de Plakater ass dobäi net limitéiert, si dierfe just keng Gefor fir d'Sécherheet op der Strooss sinn heescht et vun de Ponts et Chaussées.
Sollt dat awer de Fall sinn, da ginn se entweder ewechgeholl an an engem Depot ënnerbruecht, geréckelt oder d'Partei gëtt benoriichtegt a muss de Standuert dann änneren.