Life of Bryan - Marvel's Spider-ManTop oder Flop?

Ufanks September ass e neit Spider-man Spill erauskomm a Verkafszuelen iwwertreffen elo schonn d’Zuele vu villen aneren Titelen. Ass de Succès verdéngt?

Leschten Update: 20.09.2018, 16:28:11

© Eldoradio

Fänke mer mat engem wichtege Punkt un.

Ech. Sinn. E risege Spider-Man Fan.

Hien ass mäi Lieblings Superheld an ech hu praktesch all Spill gespillt dat zënter 2000 erauskomm ass. An dowéinst kann ech mat Sécherheet soen dass dat néit Spider-Man Spill mat Ofstand eng vun de beschte Representatioune vum Peter Parker a rezente Joren ass.
 
D’Entwecklerstudio Insomniac erzielt an hirem neiste Game eng gutt Spider-Man Story a verpaakt se an engem wonnerschéine New York voller Detailer an engem gutt ugepasste Kampfsystem.
 
Déi mat Ofstand wichtegste Mechanik vu engem Spider-Man Spill ass awer wéi ee sech duerch New York beweegt. A MÄI Gott huet Insomniac do e gudden Job gemaach. De Spider-Man schwéngt esou schnell an esou agil ronderëm wéi nach ni. Et fillt sech einfach nëmme gutt a richteg un, an ech sinn zu kengem Moment vu mengen 30 Stonnen Spillzäit midd dovunner ginn. Déi Agilitéit a Schnellegkeet ass och gutt an de Kampfsystem integréiert, deen aus de Batman Spiller iwwerholl gouf.

© Eldoradio


Mee déi eenzeg Mesure zum Spill, déi wierklech zielt, ass: Ewéi cool hunn ech mech als Spider-Man gefillt? Ech hu mech extreemst cool gefillt. Déi ganz Spillzäit waren 30 pure Stonne Spaass an ech freeë mech op d’DLCs an déi néi Storyen déi um Enn vum Joer sollen erauskommen.
 
Insomniac weist dass se wierklech verstanen hunn em wat et beim Spider-Man geet. Et ass ee praktesch perfekt poléiert Spill, dat mat vill Leidenschaft a Bléck fir d’Detail entwéckelt gouf, an esou e néie Standard fir Spider-Man Spiller setzt.

Marvel’s Spider-Man ass, fir et an engem Wuert ze soen: Amazing.