Law of attractionMat dësen Tipps positiv liewen an denken!

Nom Dag vum Positiven Denke kënnt d’Fro op: Kann een sech Optimismus untrainéieren?

14.09.2018, 07:00:26

© Pexels

Wéi glécklech een ass hänkt net nëmme vun äusseren Ëmstänn of, mee och domat wéi een denkt! Och wann et Leit ginn déi vu sech aus méi optimistesch si wéi anerer, ass positiivt denken eppes wat een sech untrainéiere kann.

Als éischt muss een dozou soen datt Optimismus net heescht mat engem rosa Brëll duerch d’Welt ze lafen an dovun auszegoen alles kënnt vun elleng. Och hei heescht et realistesch bleiwen an "baby steps" maachen. Grouss dreemen ass gutt, sech selwer alles zoutrauen och, mee alles mat der Zäit.

Positiivt Denken heescht och net dat Negatiivt komplett auszeblennen, ganz am Géigendeel et soll een sech de Schwieregkeeten unhuelen a se als Challengen ugesinn. Mat all Problem kommen och Léisungen, wat zu Wuesstem a neie Méiglechkeete feiere kann. Als éischten Tipp also: Net viru Problemer fortlafe mee op se zougoen, a sech virun allem zoutrauen se léisen ze kënnen.



Wann et mol schwiereg ass positiv ze bleiwen, ass et ok sech zréck ze zéien an Energie ze sammelen. Dofir brauch een eng sougenannten "happy place". Dat kann natierlech eng konkret Plaz sinn, wichteg ass awer och eng Visioun ze hunn wou een sech einfach hin-dreeme kann. Sief dat eng Plaz déi een sech virstellt oder eng Erënnerung déi ee glécklech mécht. Haaptsaach se ass verbonne mat positive Gedanken.

Wann dat alles näischt bréngt dann heescht et aktiv ginn! Am einfachsten ass et positiv ze denke wann een eppes mécht woufir ee brennt. Wann een also Stress huet soll een net op Hobbye verzichte fir Zäit ze spueren, mee grad dann deenen nogoen. Och trainéieren hëlleft, souguer de Sportmuffelen: Wat ufanks ustrengend ass bréngt duerno nämlech Glécksgefiller a léisst een houfreg op sech selwer sinn.

An do si mer scho beim leschte Punkt: wien positiv wëll liewe muss mat sech selwer eens ginn. Do muss jidderee maache wéi hien oder hat sech am Beschte fillt. Op dat Meditatioun ass, Inspiratioun duerch Bicher oder einfach méi laachen, jiddereen ass Meeschter iwwer säi Liewen a muss selwer d’Initiativ ergräifen. Wien mierkt datt e vu negative Leit ëmginn ass an dovun erofgezu gëtt, huet besser sech ze distanzéieren; wien dacks alles schwaarz gesäit muss sech am Beschten all Dag selwer dorun erënnere positiv ze denken a wien sech gäre mat anere vergläicht muss sech virun An féieren datt jiddereen (méi oder manner) individuell ass. An deem Sënn: einfach mol ausprobéiere wat am Beschten op ee selwer zoutrëfft an den Optimismus am Liewe wëllkomm heeschen.





Mam positiv denken ass op alle Fall den éischte Schrëtt gemaach: Wien happy mat sech selwer ass zitt och Positivitéit un.

Lauschtert Iech dat heiten u fir positive vibes: