Uni LëtzebuergRentrée académique fir Studenten aus 121 Länner

6'355 Studente sinn fir d'Wantersemester 2018/2019 ageschriwwen. D'Schlofplazen dei vun der Uni ugebuede ginn sin iwwerdeems alleguer besaat.

Leschten Update: 14.09.2018, 18:03:49

© Pexels

De 17. September 2018 ass d'Rentrée académique. Op der Uni Lëtzebuerg geet op dësem Dag de Studiebetrib vum Wantersemester 2018/2019 un.

Eng 6355 Studenten aus 121 verschiddene Länner sinn de Moment op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwen. 43 % dovunner kommen aus Lëtzebuerg a 57 % aus dem Ausland. Déi meescht vun hinnen aus Frankräich, Portugal, Däitschland, der Belsch an Italien. Déi am stäerkste representéiert net-EU Nationalitéit ass iwwerdeems China.

Alleguerten déi Studente mussen natierlech och iergendzwousch wunnen. D'Uni Lëtzebuerg versicht dowéinst bezuelbare Wunnraum fir Studenten unzebidden. 36 Studentewunnhaiser mat am ganzen 1122 Schlofplaze besetzt d'Uni. Dës sinn fir d'Wantersemester allerdéngs schonn alleguer verlount. Ween nach eng Plaz kréie well, muss also dorop hoffen, dass ee vun de Studenten dee schonn sou eng Plaz huet dës net brauch an déi sou erëm fräi gëtt.

De Freideg 14. September ass  iwwerdeems um Campus Belval de Welcome Day vun der Uni Lëtzebuerg. Hei kréien déi nei Studenten alleguer d'Informatioune, déi si fir e gudde Start an hire Studium zu Lëtzebuerg brauchen.

Lauschtert hei de ganze Reportage