Happy SongsMusek déi gutt Laun mécht

Mat dëser Playlist suergt dir iwwerall a bei jidderengem fir positiv Stëmmung.

17.09.2018, 06:00:56

Musek beaflosst eis Gefiller, dat ass gewosst. Wärend ee bei verschiddene Songs op eemol ganz nodenklech oder souguer traureg gëtt, ginn et och Tracks déi eis ëmmer an iwwerall zum laache bréngen.

Vu Kannerlidder ofgesinn, och Songs déi um Radio lafen, a net nëmmen aus "ramsamsam" oder "fidibumm" bestinn, suerge fir gutt Laun.

Virun allem a Songs wou d’Wuert "happy" dacks benotzt gëtt, respektiv zentraalt Thema ass, stécht meeschtens och gutt Laun dran. Eent vun deene wuel bekanntsten happy Lidder ass dem Pharrell Williams säint: Net nëmmen dréit et genee deen Numm, et geet am Song och ëm absolut näischt aneres wéi d’Gefill glécklech ze sinn. Kee Wonner also datt een ab dem éischte Beat mat-wippt, matlaacht a virun allem frou ass.

De Kult Hit "don’t worry be happy" vum Bobby McFerrin ass och esou ee Kandidat. Wéi den Titel et scho seet lueden d’lyrics een dozou an seng negativ Gedanken op der Säit ze loossen an einfach glécklech ze sinn. D’Lidd wat ganz am Acapella Stil steet an duerch päifen a Fanger-schnippe begleet gëtt, verleet dozou direkt mat ze summen. Bei esou engem positive Klang ass et kee Wonner datt och d’Kritik immens gutt ausgefall war, an de Song bis elo nach als "happy hit" schlechthi gëllt.



An och de Parov Stelar ass Meeschter doran Gutt Laun ze produzéieren, op ma "clap your hands" oder "all night" bei deene beats heescht et Kapp aus a Grinsen un.

Mee DJe si jo am Grousse Ganz bekannt fir Party Musek, an déi ass an der Reegel dozou do Stëmmung ze verbreeden. Dorun hält sech och den däitsche Museker Alle Farben, zum Beispill mat engem Radio Favorit "please tell rosie".

An zu gudder Lescht e Song deen um Eldo scho bal Kultstatus erreecht huet  op alle Fall suergt e vir d'Provozéiere vun de Stëmmbänner, datt ee laacht a souguer d'Äerm an d’Luucht geheit, souguer op der Arabescht (méi genee an der Eldo-Redaktioun). Also gëllt dat hoffentlech och bei iech dobaussen. Dowéinst: wien Gutt Laun Musek brauch oder wëll am beschten de Radio umaachen a sech vun der Eldo-Laun ustieche loossen.

Fir gutt Laun, lauschtert hei de komplette Reportage!