
© pexels.com
Britesch Musek, dat muss een einfach zouginn, kennt oft op der ganzer Welt enorm gutt un. Siefen dat d’Beatles, d’Rolling Stones, Queen, Coldplay oder awer och d’Adele – vill vun de bekanntste Museker vun allen Zäiten kommen hei aus Groussbritannien. Aus genee dësem Ground, sinn dann d’UK Single Charts och ëmmer en Indice dofir, wat deemnächst op de Radiostatiounen ronderëm d’Welt gespillt gëtt. Mee wat ass dann eigentlech dat beléiftste Lidd vun allen Zäiten hei a Groussbritannien?
Lauschtert hei de Reportage:
Nee, et ass net “Someone like you” vum Adele oder “Let it be” vun de Beatles. Et ass nämlech e Lidd mat deem ee wierklech net gerechent hätt, nämlech “Mr Brightside” vun The Killers. Dëst Lidd koum 2004 eraus, an huet et zënterhier fäerdeg bruet, all Joer opmannst eng Kéier nees an d’Charts eranzeklammen. Ganzer 203 Wochen war d’Lidd bis dato an den Charts. Dem Adele säin “Someone like you” war, als Verglach, zum Beispill just 66 Wochen an de Charts. Dat zweetbeléifste Lidd ass iwwregens Chasing Cars vun Snow Patrol mat 166 Wochen an den Charts.
Dëst Joer eleng hunn d’Briten dann Mr Brightside bal 700 mol pro Woch legal gedownloat a bal 900,000 pro Woch op Streamingplattforme gelauschtert. Wisou awer grad dat Lidd bei de Briten esou gutt ukënnt, dat weess keen esou genee.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter