"On Stéitsch Festival"Jonk Lëtzebuerger Kënschtler weisen hir Talenter

Et ass di 11. Editioun dëse Samschdeg vum „On Stéitsch Festival“ an de Rotonden zu Bouneweg.

Leschten Update: 17.09.2018, 15:12:35

Den „On Stéitsch“-Festival wëllt jonken Nowuess-Kënschtler eng Plattform ginn, wou si sech kënnen ausdrécken ouni dass si an engem kompetitive Kader stinn. Vu Concerten iwwer Danz bis hin zu Expo’en kënnen jonk Lëtzebuerger hir Talenter weisen.

Nieft de Concerten an anere Performances fënnt och eng ganz Partie Stänn um Festival. Den Entrée ass fräi.

Lauschtert hei de ganze Reportage


Weider Infos fannt der hei: www.facebook.com/onsteitsch/