Pilotprojet aus HollandÉischt Vëlospist aus recycléiertem Plastik

D'Vëlospist aus moduläre recycléierte Plastik-Bléck gëtt elo op 30 Meter getest a soll, wann alles gutt geet, duerno och am Stroossebau genotzt ginn.

Leschten Update: 17.09.2018, 16:00:02

© Wavin Group Youtube

Wat mécht ee mat gebrauchtem Plastik an enger Welt, déi es u sech scho vill ze vill huet? Dat froen sech an der Tëschenzäit ganz vill Leit wat dozou féiert, dass ëmmer nei a méi spektakulär Projeten a Saache Recycling entstinn. Een esou ee Projet kënnt aus Holland. A wien wonnert et, en huet mat Vëloen ze dinn.

Méi bestänneg an nohalteg

Eng Vëlospist aus Plastik – dat ass am Resumé de Projet aus Holland, deen e ganz aneren Usaz a Saache Plastik-Recycling huet. D'Iddi ass scho méi al, schonn 2015 hat e Patron vun enger Baufirma virgeschloen, fir Stroossebelag aus recyceltem Plastik hierzestellen. Do virdru gouf et scho Pläng fir esou e Vëloswee ze bauen. Dat mat Bléck, déi dann duerno zu engem Wee zesummegesat ginn.



E Pipeline- an en Uelegkonzern dreiwen de Projet un

Duerno ass et awer roueg ëm esou Projete ginn, obwuel d'Zil de Plastik, dee verbrannt oder an der Natur lant ze reduzéieren an donieft och méi dauerhaft a bëlleg Weeër ze bauen, 2 Nodeeler matenee besäitegt hätt. Ma 2 iwwerraschend Acteuren hunn dem Projet dunn erëm Réckewand ginn: Et waren de Pipeline-Hiersteller Wavin an den Uelegkonzern Total, déi de Projet ënnerstëtzt hunn, esou dass an der Regioun Zwolle den éischte Vëloswee aus recycléiertem Plastik opgaangen ass.

Date sammele fir Stroossebau-Projeten

Ma et ginn nach e puer Problemer. De Wee huet de Moment nëmmen 30 Meter an d'Plastik-Bléck sinn nach net zu 100% aus recycléiertem Plastik. Laangfristeg soll sech dat awer änneren, d'Streck soll elo mol dozou déngen, fir Erfarung ze sammelen. 3 mol esou laang soll en duerno am Verglach zum traditionelle Material halen, Lächer sinn esou gutt wéi ausgeschloss a laangfristeg soll de Wee komplett aus recycléiertem Material bestoen. Sensore sollen elo weider kucken, wéi vill d'Material iwwerhaapt aushält.

D'Aarbecht vun de Stroossebau-Ingenieure géif d'Konzept donieft och vill méi einfach maachen. D'Bléck hunn ënne scho Kanäl duerch déi ee Réier a Kabele ka verleeën. An d'Deeler sinn esou geformt, dass och bei villem Reen d'Waasser ouni Problem kann offléissen. A wa keng Problemer optauchen, da wäert dat ganzt an Zukunft och fir normal Stroosse getest ginn.