D’Auszäit richteg notzenPausen-Typpen

Esou verschidde wéi d’Leit sinn, sinn och hir Pausen déi se op der Aarbecht maachen…

Leschten Update: 17.09.2018, 17:44:04

Déi Zäite wou d’Mëttespause just nach genotzt gi fir an d’Kantin iessen ze goe sinn eriwwer. Op séier an de Fitness, kuerz op d’Couch oder eraus un d’frësch Loft, et gi verschidden Aart a Weisen seng Auszäit ze notzen, jee no Pausen-Typ.

Ugefaange mam Sportfreak: Hien notzt all Auszäit fir sech ze beweegen. Moies kënnt e mat senger Sport-Posch an de Büro, ausgepaakt gëtt déi am léifsten an der Mëttespaus, awer och tëschenduerch kommen d’Turnschlappen zum Asaz. Op an de Fitness an der Paus oder eraus en Tour lafen, de Sportfreak kann an der Paus net um Hënner setze bleiwen. Wien ganz motivéiert ass, musst de work out och net op d’Mëttespaus begrenze mee kann tëschenduerch mol opstoen, eng ronn duerch de Büro joggen oder puer Kniebeugen nieft dem Pult maachen. Domat kritt ee selwer net nëmmen de Kapp fräi, méi Energie a Glécksgefiller, d’Aarbechtskollegen ameséieren sech och nach doriwwer.

Net fir ze joggen mee fir sech ze erhuelen, ginn d’Naturfrënn eraus. Virun allem wann d’Sonn schéngt pilgeren se an der Mëttespaus mat hire Camping-Still eraus. Wann een dann eng angenehm Plaz fonnt huet wou een ongestéiert d’Natur genéisse kann, steigert dat d’Immunsystem a léisst een de Stress vergiessen.

Wien a senge Pause mengt e misst sech ëmmer ofkapsele fir zur Rou ze kommen dee geet déi ganz Pausen-Saach villäicht falsch un. Mat Aarbechtskollegen ze schwätzen, einfach mol tëschenduerch, sollen nämlech wäertvoll Auszäite sinn déi d’Kreativitéit boosten.

Trotzdeem léit d’Kraaft heiansdo och an der Rou. Wien sech ze vill Gedanke mécht an einfach kee klore Kapp kritt, deem kéint eng Meditatioun oder Yoga Paus gutt doen. A wann et nëmmen déif an an ausootmen ass wärenddeem ee virun sech hin-dreemt. Esou eng Auszäit senkt de Stress Level a steigert d’Gesondheet am Allgemengen.

A wann een nach e Schrëtt méi wéit geet wéi An zoumaachen, "daydreaming" an déif duerchootmen si mer scho beim leschte Pausen-Typ: de Napper. Ganz nom Motto wien vill schafft muss vill schlofe geet et hei drëm einfach mol de ganze System erofzefueren. E Powernap verbesser kognitiv Fäegkeeten a natierlech kënnt een sou méi fit a soumat och méi konzentréiert duerch den Dag.

 

Lauschtert hei de komplette Reportage!

A wann dat alles näischt bréngt: Radio un, e klenge Snack oder Kaffi tëschenduerch a Kazevideoen op Youtube kucken, da kann et just na biergop goen...