
© Eldoradio
Suen iwwerweisen ass an der Tëschenzäit immens einfach ginn. Séier emol eng Rechnung bezuelen, dat geet via Smartphone oder Tablet an nëmmen e puer Schrëtt. A fir dass et nach méi séier geet, ginn et där, déi an d'Kommunikatiounszeil einfach séier iergendeppes dra schreiwen, d'Haaptsaach et geet séier, anerer huelen se als Occasioun fir e klenge Witz ze maachen.
Mä dierf een eigentlech egalwat als Kommunikatioun uginn oder ginn et do scho Reegelen?
Bank kéint opmierksam ginn
Natierlech, engem Kolleg déi schëlleg 50 Euro iwwerweisen an als Kommunikatioun „fir d'Drogen“ oder „hei du A***lach“ dra schreiwen, dat ass witzeg. A fille Fäll dierft dat kee Problem sinn, reng theoretesch gesinn ass et awer esou, dass béides zu zu Konsequenze kéint féieren.
An deem éischte Fall wier et esou, dass d'Bank hei kéint opmierksam ginn an de Virement bei der CSSF, der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, géif melle seet de Jurist Paul Hammelmann.
Beleidegung via Virement ka Konsequenzen hunn
Manner problematesch dierft awer eng Beleidegung sinn. Kënnt se vun engem Kolleg, da stéiert dat keen. Ass se awer wierklech als Beleidegung geduecht an dee Beleidegten entscheet sech ze handelen, da kéint dëst dem Paul Hammelmann no duerchaus zu strofrechtleche Konsequenze féieren.
Iwwerdeems wieren d'Banken och ugehale relativ streng ze kontrolléieren, wou Suen higinn, grad ebe wat Geldwäsch, Drogegeld an Terrorismus ugeet, esou de Paul Hammelmann nach.