
© Pexels
Wann ee sech virun A féiert, wéi vill Bakterien sech op ëffentlechen Toilette sammelen, ass dat doten alles anescht ewéi berouegend. Experte vun der Nottingham-Universitéit an dem Finneschen Nationalinstitut fir d'Gesondheet a d'Wuelbefannen hunn dës Etüd am BMC Infectious Diseases Journal publizéiert a schreiwen, datt et eng Plaz gëtt, déi méi knaschteg wéi ëffentlech Toilette soll sinn.
Si behaapten deemno, datt d'Këschten, an déi ee Schmock, kleng Poschen, Rucksäck a soss Dokumenter draleet, wann een duerch de Sécherheetscheck muss, dat Dreckegst un engem Fluchhafe sinn. Hei gouf de Fluchhafen Helsinki-Vaanta méi genee ënnert d'Lupp geholl – an op ganzer 10% vun de Plaze goufe Virussen a Bakterie fonnt.
Ënnert anerem falen ënnert dës Plazen och Bankomater op de Fluchhäfen, Rolltrapen, de Schalter, bei deem ee säi Gepäck ancheckt an och Spillecker fir Kanner. An der Loft selwer goufen der Ënnersichung no och vill Bakterien detektéiert. Mat der Etüd wëll een ënnert anerem weisen, wéi séier sech esou Keime verbreeden.
Et ass logesch, wat ee maache muss, fir deem entgéint ze wierken: Hänn wäschen! En anert Mëttel, wat vun den Experte recommandéiert gëtt, ass Desinfektiounsmëttel wéi Gel nieft dem Security-Check bereet ze stellen. Esou kéinten d'Leit ganz einfach virum an nom Check-In hir Hänn desinfizéieren. An och wann ee dës knaschteg Plazen esou gutt et geet evitéiert – am Fliger selwer soll et bekanntlech net besser sinn...