
© Pixabay
Déi afrikanesch Schwéngspescht ass a Westeuropa ukomm! 5 Fäll goufe viru kuerzem hei vir an der Belsch, direkt hannert der Grenz an der Wallonie bei doudege Wëllschwäin nogewisen. A well d'Déieren natierlech Grenzen net esou respektéiere wéi mir muss een sech drop virbereeden, dass och hei am Land iergendwann déi éischte Fäll kënnen optauchen.
Den Dënschdeg huet sech dofir déi national Task Force getraff, fir iwwer déi präventiv Mesure fir Lëtzebuerg ze diskutéieren.
Kee Fall bis elo zu Lëtzebuerg
Virop ass ze soen, dass bis ewell nach kee Fall vun der afrikanescher Schwéngspescht op Lëtzebuerger Buedem registréiert ginn ass. Ma et geet dofir elo drëms, fir eng Kontaminatioun vun den Hausschwäin, d.h. deenen an de Ställ ze evitéieren, esou de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen.
Deemno gouf och hei am Land eng Iwwerwaachungszon ageriicht.
Wëllschwäi-Bestand soll esou wäit wéi méiglech deziméiert ginn
Déi gëtt am Norde vun der A6 vu Stengefort bis an d'Stad, am Oste vun der A4 vun der Stad op Esch a vun der franséischer an der belscher Grenz agegrenzt. An dëser Zon ass d'Juegd op Wëllschwäin deemno weiderhin erlaabt.
Weider gëtt och aktiv no Kadavere vu Wëllschwäi gesicht. Wann een z.B. beim Spadséieren en doudegt Wëllschwäi fënnt, ouni, dass d'Doudesursaach kloer ass, sollt een de Fall och bei der Naturverwaltung mellen.
Krankheet ass fir Mënschen an aner Déieren net geféierlech
Iwwerdeems gëtt et och eng ganz Rëtsch Mesure fir d'Landwirtschaft. Esou sollen z.B. an der Iwwerwaachungszon d'Schwäin an de Ställ bleiwen. Weider ginn och d'Reegelen a Saachen Hygiène an a ronderëm de Stall verschäerft. Bleift nach ze soen, dass d'Schwéngspescht keng Auswierkungen op de Mënsch an aner Déieren huet, an dofir keng Gefor fir déi ëffentlech Gesondheet besteet.