Game of Thrones"GoT"-Wander-Ausstellung kënnt op Oberhausen

Eng GoT-Ausstellung an Däitschland léisst eis d'Waardezäit, bis déi lescht Staffel vu GoT erauskënnt, verkierzen!

Leschten Update: 20.09.2018, 10:28:15

© LOIC VENANCE / AFP

Zu Oberhausen an Däitschland soll Enn November, fir genau ze sinn, vum 27. November un, d'"Game of Thrones: The Touring Exhibition" en Tëschestopp aleeën. D'Ausstellung, mat Requisiten, Kostümer an nogebaute Plazen, wou d'Serie gespillt huet, soll bei engem groussen Akafszentrum zu Oberhausen ausgestallt ginn. Well d'Ausstellung interaktiv a multimedial ass, soll et och eng Ausstellung sinn, déi de Fans d'Méiglechkeet bitt, komplett an d'GoT-Welt anzedauchen a sech op den "Iron Throne" ze setzen!

Bis den 12. Februar kënne sech d'GoT-Fans d'Ausstellung zu Oberhausen ukucken, éiert se da weiderzitt.

Hei e puer Andréck vun der Ausstellung, déi och schonns zu Barcelona an zu Paräis um Tour war: