
Wat fir di eng keng grouss Saach ass, bewäerten anerer ganz anescht. Mee wéi laang ass an deem heite Fall ze laang? Eng Etüd vu Google behaapt, datt ee schonn no ganzer 20 Minutten net äntweren als onhéiflech bezeechent gëtt – an dat souguer vun den enkste Kollegen.
D'Fuerscherinne vun der Online-Sichmaschinn hunn dëst am Detail ënnersicht an deem si Handy-Notzer vun Zürech a San Francisco befrot hunn. An dës Etüd sinn och Zuelen aus aneren Enquêten mat agefloss an esou ass een dann op dëst Resultat komm. Béid Fuerscherinne féieren ee Grond un, wisou ee schonn no dëser kuerzer Zäit, an där een net äntwert, als onhéiflech gëllt. Hirer Meenung no ginn d'Leit ëmmer méi ongedëlleg an esou kéint d'Resultat erkläert ginn.
Weider gouf awer och nach d'Verhältnis vun de Notzer zu hirem Handy analyséiert. Zemools géift d'Kommunikatioun mat Textnoriichte ganz vill Suerge bei de Befroten ausléisen. Tëscht dem Verschécke vun enger Noriicht an dem Waarde vu enger Äntwert wiere si deemno onroueg an och opgereegt. Verschiddener deiten eng spéit Äntwert och, datt een vu sengem Géigeniwwer net genuch geschätzt géif ginn.