Mënsche- vs. DéierefleeschWat mécht ernierungstechnesch méi Sënn?

Een Archeolog wollt dëst fir seng Fuerschung wëssen, huet et ausgerechent a gouf dofir mam satireschen Ig-Nobelpräis ausgezeechent.

Leschten Update: 20.09.2018, 17:00:02

© CHARLY TRIBALLEAU / AFP

Wéi e Wëssenschaftler wéilt net emol eng Kéier en Nobelpräis an den Hänn halen? Fir déi meescht bleift dat en Dram, ma et gëtt eng Alternativ an zwar den Ig-Nobelpräis. Et ass eng Zort satiresch Auszeechnung fir wëssenschaftlech Leeschtungen, déi net ëmmer ganz eeschte gemengt sinn, d'Leit zum Laache solle bréngen awer och zum Nodenke sollen animéieren.

An op ee vun de Gewënner vun dësem Joer lount et sech méi no anzegoen. Dee wollt nämlech wëssen, ob et sech eventuell loune kéint amplaz Déierefleesch Mënschefleesch z'iessen, esou wéi Kannibalen et schonn zanter Joerdausende maachen.

Mënschefleesch ass keng gutt Alternativ

Et gëtt de Moment vill diskutéiert, dass Fleesch u sech ernierungtechnesch am Verglach zu anere Liewensmëttel net esou dat Gielt vum Ee ass. Ganz dovun ofgesinn, dass fir vill Leit aus moralesche Grënn a wéinst der Auswierkung op d'Klima d'Produktioun vu Fleesch éischter kontraproduktiv ass.

Hei de Reportage am Toun!


Ma wat aus der Etüd vum briteschen Archeolog James Cole ervir geet, ass, dass Mënschefleesch nach manner energieeffizient ass. E Mënsch amplaz eng Kou oder e Schwäin ze iesse lount sech also net. E Mënsch weit an der Moyenne nëmme 65,9 Kilo an nëmme 24,9 Kilo dovu si Museklfleesch. An den Nierwäert ass mat 1'300 Kalorie pro Kilo relativ kleng.

20 Mënsche fir ee Bison

Esou géif ee Päerd vill méi Kalorie bereet halen, wéi 6 Mënschen zesummen. Am verglach zu engem Bison misst een esouguer 20 Mënschen iessen. De Wëssenschaftler huet als weidere Grond géint Mënschefleesch nach ugefouert, dass de Mënsch e relativ geféierlecht, soe mir emol „Déier“ fir ze joe wier.

Ma wann ee scho wëllt e Kannibal sinn, wéi e Kierperdeel hätt een dann am beschten z'iessen, huet sech den Archeolog nach weider gefrot.

Fett huet am meeschten Energie, d'Hëfte schmaachen am beschten

D'Fett huet déi meeschte Kalorien, schmaacht awer wuel net immens. Am beschte wier et dofir d'Hëften z'iessen.

En eeschten Hannergrond huet d'Etüd awer. Bei Neandertaler ass bekannt, dass déi och mol gären e Mënsch giess hunn. Ma dat awer de Resultater vum James Cole no wuel manner aus Honger mä méi aus rituellen oder Krichszwecker. Well wéi gesot: E Mammut oder aner Déiere maache méi Sënn.