
© Staatsministère
16,5 Milliounen Euro kascht den Zenter, deen, wann en da viraussiichtlech Mëtt 2021 fäerdeg ass, duerno ronn 2'000 Meterkaree grouss ass.

En ass duerno all Dag ronderëm d'Auer op, ass no baussen ofgeséchert awer trotzdeem mam Auto gutt accessibel.
Lauschtert hei de ganze Reportage!
Well déi aner Kommunikatiounssystemer via Video an Telefon net méi zäitgeméiss sinn, ginn och dës moderniséiert. Domat soll d'Kommunikatioun op nationalem an internationalem Niveau, z.B. mat NATO an EU op sécherem Wee méiglech sinn.

Am Kader vun dësem Projet wieren iwwerdeems och d'Krisepläng fir déi verschiddenst Zeenarioen ausgeschafft ginn.
Pressekonferenz iwwer de Bau vum Centre national de crise : e Site fir a Krisefäll wou all d’Instanzen kennen zesumme schaffen an déi néideg Moyenen regroupéiert sinn pic.twitter.com/kewcDrC0QK
— Xavier Bettel (@Xavier_Bettel) 21. September 2018
