Féx erkläertWisou zuckt ee kuerz virum Aschlofen?

Et läit een am Bett a probéiert anzeschlofen - a bemol huet een d'Gefill, et géif een ausrutschen oder souguer falen.

Leschten Update: 24.09.2018, 15:44:01

© Pexels

Eise ganze Kierper zuckt hefteg a mir wëssen ee Moment net richteg, wat geschitt ass. Dëst Phänomen huet souguer een Numm: „hypnic jerk“ oder och „sleep start“ genannt, ass domat d'Aschlofzuckung oder den Ufank vum Schlof gemengt. Mir befannen eis dee Moment am sougenannten hypnagogeschen Zoustand, dëse läit tëscht waakreg sinn a kuerz virum Ufank vum Déifschlof. Eist Gehir kënnt an där Situatioun extrem duercherneen a schéckt verschidde Signaler.

Et kéint een sech dat Ganzt esou virstellen, wéi wann di zwou Gehirhallschente matenee kämpfe géifen: Déi eng wëll, datt een aschléift, déi aner hält ee waakreg. Dobäi kënnt nach, datt eis Muskelen sech virum schlofen entspanen, ma well awer di eng Halschent vum Gehir nach net zur Rou kënnt an nervös ass, kënnt et zu enger Iwwerreaktioun an esou fänke mir – respektiv eis Muskelen – u mat zucken.

Féx erkläert - Schlofzuckungen

Deemno sinn dës Zuckungen onbewosst Muskelkrämp kuerz virum Aschlofen. Etüden no leiden ongeféier 60-70% dorunner, an dat si just déi Leit, déi sech un d'Zuckungen erënnere kënnen. Experten no kënnen net 100-prozenteg soen, wat weider Grënn kënne sinn. Verschidde Wëssenschaftler ginn awer vu Facteure wéi Stress oder och ze wéineg Schlof aus.