Champignonen a FriichtenBeim Sammele muss een op eng Partie Saachen oppassen

Regional a nohalteg Liewensmëttel leien am Trend. Den Hierscht bitt allerlee Geleeënheet fir esou Liewensmëttel am Bësch ze sammelen.

Leschten Update: 25.09.2018, 18:58:21

© Pexels

Wann een am Bësch ënnerwee ass, sollt ee virun allem op de respektvollen Ëmgang mat der Natur oppassen. Konkret bedeit dat, dass ee méiglechst op de Weeër bleiwe soll. Wann ee fir ze sammele vun de Weeër erof muss, soll een sech ëmsou méi virsiichteg verhalen. Sou sollt een oppassen näischt futti ze maachen a sech méiglechst roueg ze verhalen.

Sech de Risike bewosst sinn

Obwuel d'Sammele vu Champignonen a Friichte kee besonnesch geféierlechen Hobby ass, ginn et awer Risiken, deenen een sech soll bewosst sinn. Esou ginn et zu Lëtzebuerg eng Partie Champignonen a Friichten déi absolut net fir de Verzerr gëeegent sinn. Falls een sech net sécher ass, ob een e gepléckte Champignon iesse kann oder net, sollt een de Rot vun engem Expert anhuelen. Dëst ass zum Beispill bis Enn Oktober bei Natur an Ëmwelt méiglech. Hei kann een seng Champignone vun Experten ënnersichen a bestëmme loossen.

De Naturschutz respektéieren

Vun deene Planzen, déi net ënner Naturschutz stinn, dierf ee bis zu engem Kilo fir di eege Consommatioun plécken. D'Sammelen a private Gruppe vun 3 oder méi Leit ass och erlaabt. Allerdéngs dierf déi ganz Grupp maximal 3 Kilo plécken. Wien sech net un dës Bestëmmungen hält, verstéisst géingt d'Naturschutzgesetz a riskéiert e Protokoll vu minimum 25 Euro.

Lauschtert hei de ganze Reportage