O'zapft is!Oktoberfest Fakten

Vum 22. September bis de 7. Oktober heescht et zu München: "Lederhosen an Dirndl eraus a lass op d’Wiesn" - mee opgepasst am Beschten ouni Kutsch an Hond!

25.09.2018, 06:30:17

© Christof STACHE / AFP

Dat wuel gréisste Volleksfest iwwerhaapt, heescht zwar Oktoberfest, fänkt awer schonn am September un. Dat war awer net ëmmer sou, wéi d’Event 1810 fir eng éischte Kéier organiséiert gouf, huet et just eng Woch gedauert an dat am Oktober. Nodeems et dunn awer esou gutt ukomm ass, gouf dat ganzt verlängert. Firwat et awer am September ufänkt a net einfach méi laang geet hänkt ganz eleng um Wieder. D’Chance am September nach bessert Wieder ze hunn a méi Visiteuren unzezéie war einfach méi grouss.

A vill Visiteuren um Oktoberfest heescht vill Béier! Fir genee ze si befënnt sech de Béier-Konsum a Milliounenhéicht. De Rekord leit bei 7.7 Millioune Liter verzaptem Béier, dat war am Joer 2014 wou 6.3 Millioune Besicher hire Wee op d’Wiesn fonnt hunn.

An datt déi alleguerte Plaz hunn fënnt dat ganzt op den Theresienwiesn statt, vun deenen 42 Hektar ginn der 31 genotzt. Dorop befannen sech 144 Gastronomiebetriber, 37 dovu bidden insgesamt 119.000 Sëtzplazen a sinn opgedeelt a 16 grouss an 21 kleng Zelter. Datt do alles klappt, sinn um Oktoberfest all Joer ronn 8000 Leit déi fest ugestallt sinn, plus 5000 Aarbechter déi wiesselen.

Mee net nëmmen d’Plaz fir z iessen an ze drénken ass wichteg, och d’Sanitär-Anlagen si bei esou engem Drénk-Konsum e wichtegt Thema. 878 Meter moossen d’Stéi-Plazen un de Pissoiren, dobäi kommen dann nach 964 Toiletten déi de Fraen a Männer vun de Wiesn‘ zur Verfügung stinn.

Vun all deene Besicher kommen iwwregens just 19% aus dem Ausland. Ze drénke gëtt et iwwerdeems just lokale Béier, gebraut innerhalb vu München. An dee gëtt eréischt ugesat nodeems de Buergermeeschter dat ganzt Fest mat sengem "O’zapft is!" agelaut huet. De Käschtepunkt vun engem Mass beleeft sech aktuell ëm déi 11 Euro jee no Zelt.

D’Wiesn, déi jo scho géint 9 Auer Moies opmaachen a géint 12 Auer Owes fäerdeg sinn, gëllen als familljefrëndlecht Fest. Trotzdeem ginn et Reegelen déi Eltere mussen anhalen, esou dierfe Kanner ënner 6 Joer just bis 8 Auer Owes um Oktoberfest sinn a Kannerkutschen dierfe Wochendags a Sonndes just bis 6 ënnerwee sinn, Samschdes guer net. Genee sou wéi Deieren, ofgesi vu Blannenhënn, sinn déi um Fest nämlech net erlaabt.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Ma dann: Kutschen an Déieren doheem loossen, Lederhosen respektiv Dirndl un an oans zwoa…