Vill potenziell PartnerScheedungsrisiko klëmmt mat Zuel vun Aarbechtskollegen

Wat méi Aarbechtskollegen, wat de Risiko vun enger Scheedung erop geet. Zu dësem Resultat kommen op d'mannst dänesch Fuerscher.

27.09.2018, 06:30:42

© Pixabay

Eng gutt Ambiance op der Aarbecht a cool Aarbechtskollegen, dat ass am Alldag immens wichteg. Näischt méi Schlëmmes, wéi wann een op de Büro kënnt a guer keng Loscht op seng Mataarbechter huet. Ma e grousse Problem ass, dass een sech zwar gutt mat senge Kollege sollt verstoen awer eben net ze gutt. Well soss kann dat elle Suitten hunn, huet eng dänesch Etüde elo erausfonnt.

Besonnesch héich bei gutt ausgebilte Männer

De Scheedungstaux ass bei Mënschen, déi op der Aarbecht vill mat verschiddene Leit vum anere Geschlecht zesummekomme méi héich. Dat ass ganz einfach d'Resultat vun dëser Etüd vun der Universitéit Stockholm. An dat gëllt besonnesch fir eng Grupp vu Männer, nämlech déi mat enger gudder Ausbildung.
Fir héich Qualifizéiert Frae wier dëst dogéint awer manner akut.

Hei de Reportage am Toun!


Fir dës Etüd goufen d'Date vu bestuete Koppelen tëscht 1981 an 2002 ausgewäert.

Méi en héije Scheedungsrisiko duerch méi potenziell Partner

Nieft de groussen Ënnerscheeder tëscht Männer a Fraen an dem Niveau vun der Ausbildung sinn awer och d'Aarbechtsplaze selwer e Facteur, deen de Scheedungstaux staark beaflosst.

Allgemeng gëllt, dass de Risk fir eng Scheedung op deene Plazen am héchsten ass, wou besonnesch vill potenziell Partner zur Verfügung stinn. Esou ass den Taux bei Männer a bei Fraen an der Restauratioun z.B. méi héich, wéi an der Landwirtschaft oder an enger Bibliothéik.

Méi Aarbechtskollege bedeit och méi potenziell Partner

An elo zur Erklärung: Ee Grond kéint sinn, dass wat d'Zuel vun den Aarbechtskollege méi grouss ass ganz einfach d'Chance eropgeet en neie Partner ze fannen. Dozou muss een awer soen, dass och déi verschidde Perséinlechkeetstypen, déi vu Plaz zu Plaz kënne variéieren eppes domat ze di kéinten hunn.

An da bleift och nach ze soen, dass wat den Alter an deem sech eng Koppel bestuet huet méi héich ass, de Risiko fir eng Scheedung erofgeet.

Am Resumé heescht dat also, dass grad fir jonk bestuete Männer mat engem Beruff an deem se vill weiblech Mataarbechter hunn de Scheedungsrisiko am héchsten ass.