Et geet ganz einfachStep by step manner Plastik an der Kichen

All Verännerung fänkt am Klengen un. Ma jidderee vun eis kann hëllefen an a Punkto Plastiksoffall eppes Guddes ze maachen.

27.09.2018, 15:36:31

© Pixabay

Well et awer eben esou e grousse Problem ass, soll ee lues a lues dru schaffen, eenzel Beräicher a sengem Liewe ganz ouni Plastik ze gestalten. Een esou e Beräich ass zum Beispill d'Kichen. Ma grad hei mengt een, et wier schwéier, all Klengegkeet mat plastiksfräien Alternativen ze ersetzen. Fänke mer u mam Kaffi. Kaffiskapsele  si mat dee gréissten Offall, dee pro Joer an der Kiche gemaach gëtt. Eng einfach Alternative kenne mer all: den al-bewäerte Filterkaffi.

Och beim Waasser mengt een, et misst ee sech Woch fir Woch Plastiksfläschen zouleeën. Méi ëmweltschounend geet et mat Fläschen aus Glas oder nach besser, et drénkt een d'Waasser vum Krunn, wat bei eis am Land ouni Bedenke consomméiert ka ginn. Virun allem Verpackunge bestinn dacks aus Plastik. Vill Produite mussen entweder guer net verpaakt ginn oder kënnen och a Pobeier agewéckelt sinn.

D'Uebst am Supermarché muss net a Plastikstuten heem transportéiert ginn, et kann ee selwer eng kleng Posch oder e sougenannte "Jutebeutel" mathuelen an esou onnéidege Plastik evitéieren. Och Glas kann als Behälter benotzt ginn. Benotzte Gebeessdëppercher sinn hei eng praktesch Alternativ a gesinn och richteg cool aus. An der Kichen dierf Seef natierlech net feelen, hei geet et och nees e puer Joer zeréck. Aplaz flëssege Spüli kann een dëse mat engem feste Stéck Seef ersetzen. Nohalteg, plastiksfräi an ëmweltschounend.

Lauschtert hei de komplette Reportage