Jugendwuert 2018Kennen d'Lëtzebuerger Bomen a Bopen sech aus ?

D'Eldoland huet ofgestëmmt an decidéiert: "Food Baby" ass d'Eldoradio Jugendwuert 2018. Mä kennen och d'Lëtzebuerger Bomen an Bopen d'Jugendwierder

Leschten Update: 16.11.2018, 04:35:06

Food Baby ass d'Eldo Jugendwuert vum Joer!

Grad elo, wou et nees Raclette a Kéisfondue gëtt passt dat dach richteg gutt!

E Food Baby huet een, wann een nom Iessen einfach en décke Bauch huet.

Huet och di eeler Generatioun zu Lëtzebuerg de "Swag"? Kenne si sech aus mat "Food-Baby", "Ehrenmann" an "Sheeeesh"?

Mir waren eraus nofroen!



2012 war alles "Yolo", 2014 war all zweet Äntwert "Läuft bei dir" an 2017 war d'Standard-Begréissung "I bims". A wien elo denkt "wat ass dat dann fir e Niveau-limbo hei", deen ass anscheinend net um neiste Stand: Jugendwierder sinn net just e puer Termen déi ee gekonnt ignoréiere kann, se schläiche sech mëttlerweil schonn an den alldeegleche Sproochgebrauch.



Eldoradio ass dem "Swag" nogaangen an hat sech op d'Sich no ärem ganz perséinleche Liiblings-Jugendwuert gemaach. Nodeems mir am Eldoland nogefrot hunn em wéi eng Jugendwierder a Slangs een am Joer 2018 einfach net ronderëm kënnt, hate mir eng Lëscht mat deene Beléiftsten zesummegestallt.

Doropshi konnt dir äre Favorit wielen, an elo ass d'Resultat do: Food Baby ass d'Eldoradio Jugendwuert vum Joer 2018!



Ma dann e Gudden...