Netflix, Amazon Prime & Co.Serien Highlights am Oktober!

Ob spuenesch, däitsch oder US-Produktiounen, d'Serien Highlights fir den Hierscht verspriechen Spannung an Action...

Leschten Update: 01.10.2018, 17:59:10

Oktober ass Hierscht-Zäit. An dat heescht eng Kuschel-Decken iwwert di kal Zéiwen, e waarme Schocki an de Grapp a sech eng spannend Serie umaachen. Eldoradio huet iech scho mol eng kleng Selektioun erausgesicht, op wéi eng Neiheeten a Fortsetzungen d'Serien-Junkies sech freeë kënnen.

Fir Fans vu spuenesche Produktiounen huet den Oktober villäicht e richtegt Highlight op Lager: "Élité"! An der Serie, déi de 5. Oktober op Netflix start, spillen direkt 3 Schauspiller vun der Hit Serie "Casa de Papel" mat. Bei "Élité" dréint et sech zwar net em en Iwwerfall, mee och dës Produktioun versprécht Spannung pur, dat an a ronderëm d’Elite-Schoul Las Encinas.

Kuckt Iech hei den Trailer un!

Nach en Tick méi düster gëtt et mat "Deutschland 86", dem Nofolger vun der Serie "Deutschland 83" der méifach ausgezeechenter RTL-Serie, déi sech dorop konzentréiert huet, eng Agentegeschicht ze produzéieren. Mam Nofolger deen sech elo 3 Joer méi spéit ofspillt gëtt et zwar genee sou actionräich, awer gläichzäiteg och méi international. Ab dem 19. Oktober kann een dem EX-NVA Zaldot Martin Rauch seng nei Missiounen op Amazon Prime verfollegen.

Och "Riverdale" geet an eng wieider Ronn. D’Netflix-Serie déi virun allem Teenager weltwäit begeeschter huet, kënnt den 10. Oktober fir eng 3 Staffel zréck. D’Mystery Serie ëm d’Archie Comics huet d’Schauspiller zu reegelrechte Stare gemaach an - obwuel déi zweet Staffel net un déi éischt erukomm ass - waarde Fans gespaant drop ab dem 10. all Woch eng nei Episode kënnen ze kucken.

Interessant gëtt do virun allem d‘Connection mat der Serie "Chilling Adventures of Sabrina", e Remake vum Kandheetsklassiker "Sabrina total verhext". Passend fir Halloween kënnt d’Nei-Interpretatioun vun der Geschicht a Form vun enger Serie op Netflix eraus a soll gläichzäiteg e Spin-Off vu "Riverdale" sinn. Kloer ass do virun allem eppes: Et gëtt düster.

Kuckt Iech hei den Trailer un!


An dat schéngt d’Motto vum Oktober ze sinn: Ob "Elité", "Deutschland 83", "Riverdale", "Chilling Adventures of Sabrina" oder weider Serië wéi "The Walking Dead", "The Haunting of Hill House" oder "Better Call Saul": D’Oktober-Neiheeten oder Fortsetzungen setzen passend zu der Hierschtsaison op eng méi kal, a virun allem méi grujeleg Stëmmung.