Vu Mëtt Oktober unNei Bezeechnungen op den Tanksailen

Vu Mëtt Oktober un ginn et e puer Changementer op den Tankstellen a ganz Europa.

Leschten Update: 08.10.2018, 11:25:12

© Eldoradio

Wie vill an d'Vakanz fiert, dee kennt dat jo: Heiansdo steet ee virun enger Tanksail a freet sech, ob ee mat Gasoil elo wierklech Diesel an den Auto schëtt. Ma dat soll sech elo europawäit änneren. Fir nämlech d'Bezeechnung vun de verschiddene Bensins- an Dieselzorten ze harmoniséieren, ginn eenheetlech Sigelen op de Sailen ubruecht.

Europawäit déi selwecht Bezeechnung

Der neier EU-Norm no sollen d'Bezeechnung vu Mëtt Oktober un e bësse méi Kloerheet an de Chaos vun deene verschiddene Bensins- an Dieselzorte bréngen.

Dat heescht elo net, dass een sech komplett muss op senger Tankstell ëmstellen, ma et si Sigelen, déi ubruecht ginn, dass een och, wann een am Ausland ass an esou guer net versteet, wat sech hannert deene verschiddene Begrëffer verstopp, weess, wat ee muss tanken, erkläert de Romain Hoffmann, President vum „Groupement pétrolier“.

© GPL
© GPL

E Rondel, e Rechteck an eng Raut

Fir de Bensin ass et e Rondel an deem en E mat enger Ziffer hannendru steet. An déi seet, wéi vill Ethanol maximal an dësem Bensin dran ass. Fir den Diesel ass et e B an engem Rechteck. D'Zuel gëtt hei un, wéi vill Biodiesel dran ass. An da gëtt et och nach d'Gas.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Sigelen och op de Ween

Fir et nach méi einfach ze maachen, muss och elo op all nei immatrikuléiertem Won esou e Sigel drop sinn.

© GPL


Vill ännert sech fir de Chauffer also net, nëmmen d'Tanken an d'Bezeechnunge gi vereinfacht. Deemno muss dann elo all Tankstell no der Iwwergangszäit vun 2 Joer dëse Changement bis ebe Mëtt Oktober ëmgesat hunn.