London CallingBrexFit - Therapie fir rosen Englänner

Brexit hei, Brexit do. Lues a lues kënnen déi meescht Britten et einfach net méi héieren.

Leschten Update: 12.10.2018, 04:29:15

© pexels.com

Zënter iwwert 2 Joer gëtt et politesch hei op der Insel keen anert Thema méi an och wann et nach bal 150 Deeg si bis Groussbritannien offiziell aus der EU austrëtt, esou kann et de Briten, esou oder esou, net méi séier genuch goen. Well, och wann een dat vläicht ausserhalb vu Groussbritannien net onbedéngt esou direkt matkritt, esou ass de Frust iwwert de Brexit bei ville Britten dach grouss. A genee fir déi Leit gëtt et elo eng Méiglechkeet hire Frust ofzebauen, nämlech dank engem neie Fitnessprogramm mam Numm BrexFit.

Lauschtert hei de Reportage:


Beim BrexFit ginn nämlech traditionell Fitnessübungen a Brexitversiounen ugebueden. Esou fënnt een hei zum Beispill Theresa May Saaksprangen, Boris Johnson Boxen oder Jeremy Corbyn Medizinballwerfen. Ofhängeg dovunner, wou een a punkto Brexit steet, kann een awer och de Jean-Claude Junker oder aner EU Politiker nidderboxen. Ween eng Auszäit brauch, kann sech am David Cameron “Ech maache mech da mol aus dem Stëbs” Eck ausrouen.

© pexels.com

De Programm gouf dann och extra vun engem Therapeut erfonnt, deen sech a Roserei spezialiséiert, esou, dass sech d’Leit herno souwuel kierperlech wéi och geeschteg besser spieren. Wat ganz simpel klengt, kënnt awer immens gutt bei de Londoner un. Un engem Politiker loossen d’London hier Roserei iwwregens am meeschten aus. Et ass weder d’Theresa May, nach de Jean-Claude Juncker mee, wahrscheinlech wéineg iwwerraschend, de Boris Johnson.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter