Bezéiung & GewiichtZesummeliewe mécht deck!

Enger Etüd no hëlt ee bä,i wann ee mat dem Partner oder der Partnerin zesumme plënnert.

10.10.2018, 09:00:11

Datt een an der Bezéiung gäre mol deen een oder anere Kilo bäihëlt dat ass kee Geheimnis, wéini genee et awer zu den Extra-Kiloe kënnt, dat wëll eng Laangzäit-Etüd elo erausfonnt hunn. Innerhalb vu 16 Joer hu Fuerscher vum Max-Planck-Institut d Date vu méi wéi 20.000 Däitschen ausgewäert a sinn zum Resultat komm datt Schold um Zouhuele beim éischten Zesummen-Plënnere läit.

Onofhängeg dovun ob d‘Koppel bestuet ass oder net, an der éischter gemeinsamer Wunn-Phas huele Leit an enger Bezéiung duebel esou vill bäi wéi an deenen éischte 4 Joer Bestietnis. Dësen Effekt bleift och bestoe wann Aflëss wéi Alter, Kannerkréien, Sport, Fëmmen, Gesondheetszoustand oder Stress erausgerechent ginn.

Fir d’Fuerscher ass dat Beweis dofir datt Gewiichtschwankunge virun allem mat Bezéiungsverännerungen zesummenhänkt. Wann de Bezéiungsstatus, respektiv d‘ Wunnsituatioun, sech ännert, da maachen déi alldeeglech Iessgewunnechten dat och. Als Beispill gëtt hei dat gemeinsamt Frühstück genannt: wärend een als Koppel villäicht zouschléit, wär et eleng eventuell guer net oder méi bescheiden ausgefall.



Déi gutt Noriicht: trennt sech eng Koppel geet souwuel de Body-Mass-Index wéi och d’Kierpergewiicht nees op dee Stand erof wéi e virun der Bezéiung war.

Lauschtert hei de komplette Reportage!