#IlEstEncoreTempsA Saache Klimapolitik gouf net genuch gemaach

Där Meenung ass och ee vun de Responsabele vum Event "Rise for climate", dat den 13. Oktober an der Stad organiséiert gëtt.

12.10.2018, 15:03:02

© AFP/Archiv/LIONEL BONAVENTURE

Och den UN-Generalsekretär Antonio Gutteres huet ënnerstrach, datt mir just nach zwee Joer Zäit hätten, konkret Mesuren am Kampf géint de Klimawandel ëmzesetzen. Zwee Joer héiere sech laang un, ma wann een awer bedenkt, datt an der Vergaangenheet nach ëmmer net genuch op deem Terrain gemaach gouf, kann et séier goen. Dat mengt och de Brice Montagne, Mat-Responsabelen hannert dem Event "Rise for climate" e Samschdeg an der Stad.

Entscheedend war ënnert anerem och d'Demissioun vum franséischen Ëmweltminister Nicolas Hulot, erkläert de Brice. Datt schonn en Ëmweltminister vu sengem Amt zerécktrëtt, géif weisen, datt endlech eppes geschéie muss. Net just Lëtzebuerg setzt sech deemno fir en Ëmdenken an der Klimapolitik an. Et ass natierlech och keen Zoufall, datt d'Evenement een Dag virun de Chamberswalen organiséiert gëtt.

Lauschtert hei de komplette Reportage

De Brice seet, datt et elo zielt, eppes ze ënnerhuelen. Och wann d'Event ënnert dem Hashtag #IlEstEncoreTemps steet, sollen d'Leit, awer virun allem och d'Politiker, waakreg gerëselt ginn. Et soll ee sech fir asetzen a géint de Klimawandel kämpfen. Wie sech ugesprach fillt, fir deen ass et de Rendezvous e Samschdeg den 13. Oktober op der Clairefontainesplaz vun 14.00 Auer un.