Life HacksVerstoppte Funktioune vun Alldagsgéigestänn

Verschidde Géigestänn, déi ee gefillt all Dag benotzt, hu vill aner verstoppte Funktiounen. Verschiddener kënne souguer Liewe retten.

11.10.2018, 10:01:34

© Pexels

Wësst dir zum Beispill, wisou an eisen All-Time Favorite Converse Schong Lächer op de Säite sinn? Nee, dës sinn net do, domat d'Converse besser duerchlëft ginn. D'Schong sinn eigentlech als Basketschong konzipéiert ginn. An engem Match sollen dës Lächer hëllefen, fir de d'Schong méi enk ze strecken, domat een se net verléiert.

Wann een eng Béchs opmécht fir den Aluminium anzedrécken, huet uewen deen Ziips – op däitsch "Lasche" genannt – eng kleng Ëffnung. Dës huet eng praktesch Funktioun. Ass d'Béchs bis op, kann een di Metalle-Schlauf iwwer d'Ëffnung dréinen an e Schallimo derduerch stiechen. Duerch d'Kuelesaier gëtt dësen dacks erausgedréckt - esou bleift en dran. Am beschten awer Schallimoen aus Plastik evitéieren.

Beim Kache weess een net, wou een de Bräiläffel hileeë soll? D'Lach am Still vun der Pan kann do hëllefen, fir de Bräiläffel dranzestiechen. Beim nächsten Hack bleiwe mer an der Kichen: D'Louche, mat där een d'Spaghetti aus dem Dëppen hëlt, huet och eng kleng Ëffnung. Ofgesinn dovunner, datt d'Waasser esou duerchleeft an net mat bis op den Teller kënnt, kann een domat d'Portioun Nuddele fir eng Persoun ofmoossen.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Eng Funktioun, déi am Noutfall Liewe rette kann, ass d'Lach am Stopp vu verschiddener Bicker. Well schonn esou vill vun deenen Deckelen ofgeschléckt goufen, soll dës Ëffnung hëllefen, Loft ze kréien, bis en Dokter do ass an intervenéiere kann. D'Lach am Lineal ass manner als Liewensretter geduecht, ma huet dofir méi e prakteschen Notzen: Domat kann een de Lineal ganz einfach ophänken.