Tinder ËmfroSingles si méi glécklech!

Enger Ëmfro vun Tinder no leide jonk Erwuessener net dorënner kee Partner ze hunn. Am Géigendeel: Déi meescht si gäre Single.

11.10.2018, 05:00:39

© Pexels

"Firwat bass du Single" oder "dee Richtege waart just op dech" – esou Phrasen, déi vu Matleed nëmme strotzen, kréien elengstoend Persounen dacks un de Kapp gehäit. Mee wat ass eigentlech sou schlëmm dorun, net an enger Bezéiung ze sinn? Muss een sech dowéinst schlecht fillen oder mécht dat ee méi onglécklech? Enger Ëmfro vun Tinder aus den USA no ass deem net sou: Au Contraire, et léisst et sech net nëmme gutt ouni Partnerschaft liewen, heiansdo ass dat souguer besser! D’Zuele beweisen: Opfälleg vill User si solo deck zefridden.

Méi wéi 100 Singelen tëscht 18 a 25 hunn an den USA un der Ëmfro deelgeholl a schléissen sech dem Motto "Single, not sorry" un. Ganzer 72 Prozent vun hinne soen, datt se sech bewosst dozou entscheet hunn, iwwert e längeren Zäitraum Single ze sinn - an ze bleiwen.

D’Grënn dofir läit bei 81 Befrote virun allem dorun, datt d'Single-Liewe gutt deet a Freed mécht: Ofgesi vun eventuelle Romanzen, loossen sech esou och méi Frëndschafte schléissen, et kann ee sech sengem Job widmen an et huet ee méi Zäit fir sech selwer. Ausserdeem si 55 Prozent sech eens, datt ee mat anere Singlen méi Spaass huet wéi mat Leit, déi vergi sinn. Iwwert d’Halschent vun deenen, déi deelgeholl hunn, fannen och, datt se duerch hire Solo-Status méi oppe gi sinn a méi erliewen.

Virun allem Fraen si glécklech Singlen a ginn als Grond Onofhängegkeet un. All 4. seet souguer, datt se sech eleng méi "empowered" fillt, bei de Männer sinn dat just 17 Prozent.


Lauschtert hei de komplette Reportage!


Datt Tinder souwisou net déi Plattform ass, fir seriö a laang Partnerschaften ze schléissen ass kloer, ma datt et awer tatsächlech happy Singles ginn, dat och!